LëtzebuergDat hei sinn d'Gewënner vum Gault&Millau 2023
No 2019 ass de Kach Roberto Fani aus dem Réiser Restaurant fir déi zweete Kéier zum Kach vum Joer vum Gastronomie-Guide Gault&Millau nominéiert ginn.
De Restaurant vum Roberto Fani kritt am Guide eng Nott vu 17 op 20.
De gastronomesche Guide huet e Méindeg déi talentéiertste Käch vu Lëtzebuerg geéiert. De Gault&Millau ass dee meescht verkaafte gastronomesche Guide an de BeNeLux-Länner an dovunner gëtt et och eng Versioun, déi sech reng mam Grand-Duché beschäftegt.
Um Méinden den Owend war dunn de grousse Gala-Dinner, wou den neie Chef de l’année och direkt fir d’Invitéeë gekacht huet. Mir ware live op der Plaz an hu mam Roberto Fani iwwert säi Präis geschwat. A mir hunn zwou ukrainesch Patissiere kennegeléiert, déi elo no kuerzer Zäit, wou si zu Lëtzebuerg am Restaurant Ryodo agestallt sinn, scho mat engem Gault&Millau ausgezeechent goufen.
De Roberto Fani ass de Kach vum Joer
De gastronomesche Guide huet e Méindeg déi talentéiertste Käch vu Lëtzebuerg geéiert.
LINK: Weider Detailer bei eise Kolleege vun RTL 5minuttesHei fannt dir d’Gewënner am kuerze Video-Portrait.
1. Kach vum Joer: Roberto Fani, “Ristorante Fani”
Chef de l'année 2023
Chef de l’année 2023
2. Jonke Kach vum Joer: Valérian Prade, “Eden Rose”
Jeune chef de l'année 2023
Jeune chef de l’année 2023
3. Restaurant mat lokaler Kichen: “De Pefferkär”
Restaurant "De Terroir" 2023
Restaurant “De Terroir” 2023
4. Patissière vum Joer: Iryna Kulakova & Kateryna Podliesna, “Ryôdô”
Pâtissières de l'année 2023
Pâtissières de l’année 2023
5. Sommelier vum Joer: Thierry Corona, “Les Roses, Casino 2000"
Sommelier de l'année 2023
Sommelier de l’année 2023
6. Pop of the Year: “Kay, Casino Luxembourg”
POP of the year 2023
POP of the year 2023
7. Bar vum Joer: “Go Ten”
Bar de l'année 2023
Bar de l’année 2023
8. Decouverte vum Joer: “L’Annexe, Giuseppe Molinaro”
Découverte de l'année 2023
Découverte de l’année 2023
9. Hôtesse vum Joer: “Éric Parachini, Ma Langue Sourit”
Hôte de l'année 2023
Hôte de l’année 2023
10. Mediterrane Restaurant vum Joer: “Divino at Vinissimo, Alessandro Vannelli”
Méditerranéen de l'année 2023
Méditerranéen de l’année 2023