3, 2, 1 Take OffDëse Freideg um 19 Auer geet et richteg lass

Olivier Catani
No den Iwwerraschungen am Ufank vun der drëtter Take Off-Saison geet et riicht viru mat Saachen, déi eis Kandidaten net kënne komme gesinn.

An den éischten Challengë kënnen d’Ekippe sech net op hir Sënner verloossen. Si mussen eng Struktur mat Bausteng nobauen. Kréien awer all ee Sënn geklaut. Just ee gesäit d’Struktur a muss se enger zweeter Persoun erklären. Déi Persoun gesäit näischt, muss also gutt verhalen, wat se erzielt kritt an enger drëtter Persoun erklären, wat ze bauen ass. An des drëtt Persoun däerf net schwätzen.

Episod 02 – Sënner
Wann een sech net méi op seng Sënner verloosse kann.

Am zweeten Challenge brauch een eng gutt Koordinatioun, logescht Denken a Vitess. Mee opgepasst: Den Challenge kéint de Kandidaten op de Mo schloen. Si mussen aus Wierfelen e grousst XXL-Puzzle zesummesetzen. Den Twist bei der Saach: d’Kandidaten hunn e spezielle Brëll un. A mat deem gesi si net aus hirer eegener Perspektiv, mee sech selwer an hir Teamkolleege vu baussen.

Wann eng Ekipp en Challenge gewënnt, sinn all d’Kandidaten am nächsten Episod. Vun der Verléier-Ekipp mussen zwee Kandidaten an de finalen Duell. An hei kënnt da just ee weider.

Take Off kënnt ëmmer freides ëm 19 Auer op der Tëlee,

Back to Top
CIM LOGO