
Erënnere mer eis kuerz un déi dramatesch Biller vu Lesbos a Griicheland. No wochelaangen Onrouen am ëmstriddenen an zanter Jore iwwerbesate Flüchtlingscamp koum et uganks September d’lescht Joer zu engem katastrophale Feier. Et war Brandstëftung, déi hätt kënne verhënnert ginn, sou d’Kritik vu villen Organisatiounen.
“Moria” gouf quasi komplett zerstéiert a ronn 12.000 Migranten hate vun haut op muer keen Daach méi iwwert dem Kapp. 10 Länner hate sech bereet erkläert, eng 400 mannerjäreg Flüchtlingen opzehuelen, dorënner och Lëtzebuerg. Enn September sinn eng Famill, duerno eng Partie Mannerjäreger hei am Land ukomm.
Lo krut de Minister fir Immigratioun an Asyl en handgeschriwwene Bréif geschéckt. De Bréif ass vum 14 Joer jonken Asma, dat eenzegt Meedchen ënner 12 Jonken, déi am Abrëll d’lescht Joer hei ukomm sinn. En immens emouvante Bréif, deen de Jean Asselborn och op senger Facebook-Säit gedeelt huet, fir drop opmierksam ze maachen, dass een a Saachen Asylrecht net soll ewechkucken. Net just d’Asma, mä villen anere kann een esou eng Chance ginn, ouni Angscht an Honger ze liewen.
An d’Asma huet och ee Wonsch fir d’Zukunft: Hatt wëll eppes zeréckginn, eng Persoun ginn, déi der Gesellschaft an och anere Mënschen hëllefe wëll.
No jorelaanger Kritik: Groussdeel vu Flüchtlingscamp “Moria” op Lesbos wéinst Feier zerstéiert
De Jean Asselborn nom Brand op Lesbos: Lëtzebuerg bereet, fir eng Partie jonk Refugiéeën opzehuelen