
Dat sot de Lëtzebuerger Chefdiplomat Jean Asselborn am RTL-Interview.
D’Detailer missten awer nach gekläert ginn. Um Donneschdeg hat de Jean Asselborn e Gespréich mat der däitscher Presidence an Europa an der EU-Kommissioun. Do goung iwwer d’Propos rieds, déi 400 jonk Refugiéeën, déi vu Moria op d’griichescht Festland ausgeflu gi sinn, ënnert EU-Memberstaaten opzedeelen. Bis ewell hätten Däitschland a Frankräich sech bereet erkläert, eng gutt Partie Mënschen opzehuelen.
Am Kader vu senge Verhältnisser mécht och Lëtzebuerg dat, confirméiert de Jean Asselborn, dee sech och dofir ausschwätzt, dass d’EU-Kommissioun déi Memberstaate sanktionéiert, déi refuséieren, hir Responsabilitéiten ze huelen.
D’Situatioun vun de concernéierte Mënschen op Lesbos wär dramatesch, ewéi vill Mënscherechtsorganisatioune mellen. De griichesche Ministère fir Migratioun mellt, et wär eng Fär bei d’Insel Lesbos geschéckt ginn. Dorop hunn 1.000 Mënsche Plaz fir d’iwwernuechten. Zwee Schëffer vun der Marinn sollen zousätzlech Schlofplaze bidden.
Déi meescht vu knapps 13.000 Flüchtlingen, déi an oder ronderëm Moria no Protektioun gesicht haten, wäerten awer wuel a Bëscher oder Felder musse schlofen.
