Fro den AffekotAm Homeoffice de Stroum fort! An elo?

Bob Konsbruck
Zënter Corona ass et bal normal, fir heiansdo vun doheem aus ze schaffen. Mä wat maachen, wann de Stroum fort ass? An, dierf een och am Ausland "vun doheem aus" schaffen?
Malware um System vun de mobille Geräter beim Staat
Kee Stroum... an elo?
© LEA WINKLER/dpa Picture-Alliance via AFP

Wat maache wa kee Stroum do ass? Geet dat och am Ausland?

Teletravail ass aus dem Alldag net méi ewechzehalen. Mee wat maachen, wann doheem op eemol de Stroum oder den Internet fort ass? De Maître Jean‑Jacques Schonckert erkläert d’Reegelen.

Stroumausfall? Chef direkt informéieren

Fält doheem de Stroum aus, muss den Employé direkt säi Patron informéieren. Ass et eng allgemeng Stéierung an net déi eege Schold, dann zielt dës Zäit trotzdeem als Aarbechtszäit. De Patron dierf dat kontrolléieren.

Grenzgänger mussen op hir Limitte kucken

Fransousen, Däitsch a Belsch kënnen:

  • max. 49,9 % Teletravail maachen (Sozialversécherung)
  • 34 Deeg pro Joer aus dem Ausland schaffen (Steier-Toleranz)

Iwwerschreit een dës Limitten, gëtt et méi deier fir Employé a Patron.

Homeoffice muss schrëftlech gereegelt sinn

Teletravail dierf net spontan ugesat ginn. Et muss am viraus schrëftlech festgehale ginn:

  • wou ee schafft
  • wéi vill Deeg
  • wéi en Equipement zur Verfügung gestallt gëtt

Just esou däerf ee beispillsweis och mol am Ausland vun doheem aus schaffen – wann et am Accord steet.

Kommunikatioun bleift dat Wichtegst

Fir de Maître Schonckert ass kloer:

„Léiwer matenee schwätzen ewéi iwwerteneen.“

Back to Top
CIM LOGO