Nowuess fir d'groussherzoglech FamillPrinzessin Alexandra gëtt eng zweete Kéier Mamm

RTL Lëtzebuerg
Wéi de groussherzoglechen Haff matdeelt, erwaarden d'Prinzessin Alexandra an hire Mann, den Nicolas Bagory, hiert zweet Kand.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

D’Kand soll am Hierscht op d’Welt kommen, heescht et weider. Dat 34 Joer aalt Alexandra, eenzeg Duechter vun der groussherzoglecher Koppel Henri a Maria Teresa, war d’lescht Joer eng éischte Kéier Mamm vun engem Meedche ginn. D’Victoire ass de 14. Mee 2024 op d’Welt komm.

Back to Top
CIM LOGO