Manager an Neveu am ClinchSträit ëm d'Ierwe vun der Country-Legend Dolly Parton ausgebrach

AFP, iwwersat vun RTL
Knapps ee Mount nom Doud vun der Country-Legend Dolly Paron ass tëscht hirem Manager an hirem Neveu ee Sträit ëm der Musekerin hiert Milliounen-Ierwen ausgebrach.
D'Musekerin a Sängerin Dolly Parton ass viru bal engem Mount am Alter vun 80 Joer gestuerwen.
© Jason Kempin / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Eng Riichterin huet e Mëttwoch op Demande vun der Dolly Parton hirem Manager an Ierfschaftsverwalter eng Injonctive provisoire géint der Parton hiren Neveu Bryan Seaver erlooss. Am Virfeld hat et de Geriichtsdokumenter no Menacë vum Neveu ginn.

De Seaver muss op Uerder vum Geriicht Ofstand zum Betrib "She's Alive" halen, deen d'Dolly Parton zu Liefzäite gegrënnt hat an deen d'Ierfschaft vun der Sängerin geréiert. Der Parton hiren Neveu däerf ausserdeem kee Kontakt zu de Mataarbechter vum Betrib, genee wéi zu hire Geschäftspartner hunn, heescht et vun der Chaîne CBS News. De Seaver selwer huet d'Injonctive provisoire beim Sender ABC als "Publicity Stunt" kritiséiert.

Der Parton hire Manager Danny Nozell hat dem Seaver dem Noriichteportal "TMZ" géigeniwwer eng "eskaléierend Menacëcampagne" an "Aschüchterung" virgeworf. Den Nozell huet de Virworf erhuewen, de Seaver wéilt Suen aus dem Ierwe vu senger verstuerwener Tatta erpressen. An SMSen hätt den Neveu vun der Country-Sängerin ënnert anerem gedreet, hie géif "d'Hand vun der Rache fir meng ganz Famill" ginn, huet d'"New York Times" aus Geriichtsdossieren zitéiert.

De Seaver war ronn 20 Joer laang fir d'Sécherheet vu senger Tatta a vun hirem Doheem verantwortlech, ier hien "TMZ" no d'lescht Woch entlooss gouf. Hie war et, deen der Parton hiren Doud u Kriibs leschte Mount an engem emotionale Video bekanntginn hat.

D'Injonctive provisoire gëllt fir d'éischt emol bis de 7. Oktober. Deen Dag huet déi zoustänneg Riichterin een neie Rendez-vous viru Geriicht ugesat.

D'Dolly Parton war de 25. August am Alter vun 80 Joer gestuerwen. D'"Kinnigin vun der Country-Musek" gouf mat Lidder wéi "Jolene" an "I Will Always Love You" weltberüümt.

Zu hirem Ierwen, dat dem Forbes-Magasinn no op ëmgerechent ronn 395 Milliounen Euro geschat gëtt, gehéiert ënnert anerem de Fräizäitpark "Dollywood" am Tennessee, deen all Joer eng 4 Millioune Visiteuren unzitt.

Der Parton hire Mann Carl Dean war d'lescht Joer gestuerwen an d'Koppel hat keng Kanner.

Back to Top
CIM LOGO