D’Banque Raiffeisen ass virun 100 Joer gegrënnt ginn. Zil war et, deemools der ländlecher Bevëlkerung zu Lëtzebuerg, déi deemools gréisstendeels vum traditionelle Bankwiesen ofgeschnidden war, den Accès zu Finanzdéngschtleeschtunge méiglech ze maachen. Virbild war déi sougenannte Genossenschaftsbewegung vum Friedrich Wilhelm Raiffeisen.
Aus engem Netzwierk vu ländleche Keesen huet sech iwwer d’Joerzéngten déi gréisst Genossenschaftsbank am Land entwéckelt. Successiv Fusioune vu regionale Keesen, eng strategesch Konzentratioun op d’Kärgeschäft an d’Zesummeleeë vun de Strukturen zu enger eenzeger Entitéit am Joer 2019 hunn d’Entwécklung vun der Bank markéiert.
D’Bank gehéiert och haut nach kenger internationaler Bankegrupp un. Strategesch Decisioune ginn zu Lëtzebuerg geholl, mat Sëtz zu Leideleng.
De ronnen Gebuertsdag gouf den 12. Februar 2026 an der Rockhal gefeiert, ënner anerem a Presenz vum Groussherzog Guillaume, vum Chamberpresident Claude Wiseler an dem Premierminister Luc Frieden.