Vältesdag: Margot a René ginn duerch deck an dënn"Et gouf keng Bänk am Park, op där mir eis net gekësst hunn"

Christophe Hochard
Zanter gläich 56 Joer sinn d'Margot an de René Meyers matenee bestuet. Kennegeléiert hunn si sech am Suessemer Kannerschlass.
Vältesdag: Margot a René ginn duerch deck an dënn
Zanter gläich 56 Joer sinn d’Margot an de René Meyers matenee bestuet. Kennegeléiert hunn si sech am Suessemer Kannerschlass.

Zanter gläich 56 Joer ginn d’Margot an de René Meyers vun Zolwer zesummen duerch deck an dënn. Déi zwee hu sech am Kannerschlass Suessem kennegeléiert. D’Margot hat deemools 4 1/2 Joer wei si als Weesekand an d’Schlass wunne koum. De René ass 1950 zesumme mat sengen Elteren a sengem Brudder an d’Schlass geplënnert. Säi Papp, dee Gäertner vu Beruff war, huet do ugefaange mat schaffen an huet do eng Déngschtwunneng kritt. “Mäi Papp huet als Chef-Gäertner mat 3 - 4 Leit hei geschafft. Hien huet de Park an der Réi gehalen an huet Geméis fir d’Kanner gezillt. Eng 40 Kanner hunn déi Zäit hei gewunnt. Moies fréi gouf d’Geméis geschnidden a mëttes war et um Teller”. Dëst erzielt mir de René Meyers aus senger Kandheet. A weider: “D’Geméis war optimal frësch an d’Kanner sinn och alleguer ganz grouss a schéi ginn”.

“Mir waren en Deel vun deem Ganzen”

“Dat war sou schéi bei deene ville Kanner. Mäi Brudder an ech hunn net déi Differenz tëscht de Weesekanner an eis gemierkt”. Sou den haut 78 Joer ale Mann. Déi zwee Bridder hunn déi Zäit vill mat de Kanner zesummegespillt. De René dann och vill mam Margot. “Am Ufank wou mir kleng waren, do hu mir zesummen an der Sandkaul gespillt, mir sinn zesumme mam Dräirad gefuer oder mat der Trottinette. Op d’Margot hat ech déi Zäit schonn zwee A drop”. De René laacht iwwer d’ganzt Gesiicht. “Dat war awer nach net verléift. Dat war well mir eis sympathesch waren”.

Vältesdag: Margot a René ginn duerch deck an dënn
Interview zu Suessem beim Schlass.

Dem Margot war de René och direkt an d’A gefall. Seng Tricker mam Vëlo hunn hir imponéiert. “Dat do muss du awer och kënnen”. Dat huet d’Margot sech gesot. “Ech hunn et awer ni fäerdeg bruet”. Dëst erzielt Si mir a muss duerno vun Häerze laachen. Lues a lues hunn déi zwee sech besser kennegeléiert a sinn du spéider dacks mam Vëlo gefuer. “An hei am Park ware soss och ëmmer vill Bänken. Zum Schluss gouf et keng Bänk op där mir net souzen an eis zesumme gekësst hunn”, sou de René Meyers.

Vältesdag: Margot a René ginn duerch deck an dënn
Interview zu Suessem beim Schlass.

Eng 20 Joer al war de René deen Ament. “Mir hunn ëmmer vill Tricken um Vëlo gemaach. Dat war och ganz flott. Enges Daags hu mir versicht eis iwwert dem Fueren ze këssen. Dat goung awer schif”.

Vältesdag: Margot a René ginn duerch deck an dënn
Interview zu Suessem beim Schlass.

“Mir sinn e puer mol iesse gaangen an dunn huet et gefunkt”

Den 8. Juli 1970 hunn d’Margot an de René sech du matenee bestuet. “Ier mir eis bestuet hunn, hu mir eis fir d’éischt eng Bauplaz hei an der Gemeng Suessem erausgesicht. Mir sinn zesumme mam Vëlo hei ronderëm gefuer, fir eng flott Plaz ze fannen, wou mir eis en Nascht baue kéinten”. Zu Zolwer gouf déi Plaz du fonnt. Am Juli ginn et elo 56 Joer, datt d’Koppel matenee bestuet ass. “Mir hunn dunn zwee Kanner kritt. Zwee Jongen. Dunn hate mir eis Beschäftegung. Mat Kolleegen si mir Vëlo fuere gaangen a mat der Roulotte si mir an d’Vakanze gefuer”. Iwwert dem Erziele schwäermt d’Margot vun där Zäit.

“Dacks ass et och haart op haart gaangen”

A geschwë 56 Joer Bestietnis ass net ëmmer alles harmonesch verlaf. “Et war elo net, datt et vu moies bis owes herrlech war”, sou d’Margot Meyers. Dobäi schmunzelt Si. “Et huet och dacks gerabbelt. Mee dann huet de René e klenge Witz gemaach, eng Dommheet an dann huet een erëm gelaacht”.

Vältesdag: Margot a René ginn duerch deck an dënn
Interview zu Suessem beim Schlass.

m Mee feiert d’Margot e ronne Gebuertsdag. 80 Käerze ginn dann ausgeblosen.

Back to Top
CIM LOGO