Polen huet eng nei Touristenattraktioun: en Hond op engem Balcon. An deen ass mëttlerweil méi beléift wéi de Louvre oder d'Fräiheetsstatue.

Vill Stied hunn Attraktiounen: Berlin huet d'Brandenburger Tor, Paräis den Eiffeltuerm oder London de Buckingham-Palace. Danzeg huet e Golden Retriever op engem Balcon.

Wat kuriéis kléngt, hu Stäre-Bewäertunge méiglech gemaach. D'Golden-Retriever-Damm Milka, déi ënnert dem Begrëff "Słodki pies na balkonie" ze fannen ass, krut 5 Stäre bei iwwer 1.000 Google-Rezensiounen.

Just fir ze vergläichen: D'Marienkierch zu Danzeg huet 4,7 Stäre bei ronn 14.690 Rezensiounen, d'selwecht wéi d'Fräiheetsstatue mat 78.639 Google-Rezensiounen (Stand 22. September).

Bannent kuerzer Zäit huet déi 7 Joer al Muppendamm aner Attraktiounen iwwerbueden, Adressen, déi deelweis zanter Joerzéngte gutt besicht sinn. A well déi Touristenattraktioun esou beléift ass, krut d'Milka och seng eege Fanpage op Instagram.

Ma wéi gouf d'Milka iwwerhaapt berüümt?

Dat huet d'Déier e puer Studentinnen a Studente vun der Technescher Universitéit Danzeg ze verdanken. Si hunn eng Facebook-Säit gegrënnt, wou reegelméisseg Fotoe vum Milka drop gepost ginn.

Ee Student hat virun 2 Joer déi witzeg Iddi, well Danzeg wéi et schéngt net genuch touristesch Attraktiounen huet, de Mupp als esou eng op Google Maps duerzestellen. Aner Userinnen a User hunn dat wuel genee sou lëschteg fonnt, well wa kee sech bei Google beschwéiert, gëtt dee proposéierte Punkt tatsächlech op der Kaart ugewisen. An dësem Fall de Balcon mam Milka drop.