
© RTL / Pedro Venancio
Am Interview mat RTL verréit d'Romi Roth, wat een als Déierendoktesch esou alles erlieft a gëtt Tipps fir e méiglechst gesond Déiereliewen.
D'Romi Roth wollt no der Première eigentlech Humanmedezin studéieren, fir Chirurgin ze ginn. Sécher war si sech bei dëser Saach allerdéngs net esou Ganz. Well si wosst, dass si vun doheem aus net onbedéngt op eng grouss finanziell Ënnerstëtzung ziele konnt, war d'Fro, wéi si sech dann am Fall vun engem längere Studium uleeë géif, vun Ufank un a hirem Hannerkapp. Trotzdeem wollt si nach e Mount nodeems si mam Lycée fäerdeg war eigentlech en "Humani" - wéi déi däitschsproocheg Déierendokteren "d'Mënschendokteren" nennen - ginn.
"Ech si wéinst enger Kaz Déierendoktesch ginn"
Allerdéngs haten d'Romi Roth an hiren deemolege Frënd dunn d'Iddi, eng Kaz ze adoptéieren, fir dës mat op d'Uni ze huelen. E klenge schwaarze Kueder mat laangem Pelz sollt et sinn. Wéi si an d'Déierenasyl komm sinn, war allerdéngs kee sou ee Kueder do. Ma si sollten trotzdeem net eleng Heem goen. Wéi si sech nämlech am Déierenasyl ëmgekuckt hunn, war op eemol eng gesträiften europäesch Mëschlingskaz dem Romi Roth d'Been eropgeklotert. Wéinst dësem Kueder, dee si adoptéiert an op den Numm "Mips" gedeeft huet, hat d'Romi Rtoh sech da schliisslech am August no hirem Premièresexamen dozou decidéiert, Déieremedezin ze studéieren.
Éischt Erfarungen als Déierendoktesch wärend dem Studium
Dofir ass et dann 1979 op Wien gaangen. De Studium an der Déieremedezin huet si mat engem Doktorat ofgeschloss. Dofir hat si iwwer d'Mikro-Manipulatioun vun den Embryoe vu Mais gefuerscht. Eppes wat een all Dag 3 Mol brauche géif, geckst si selwer. Den Doktertitel géif hir awer net leed doen. D'Fuerschung wier nämlech ganz interessant gewiescht. Eng Zäit laang hat si esouguer dru geduecht, an der Fuerschung ze bleiwen.

© RTL / Pedro Venancio
Wärend hirem Doktorat konnt d'Romi Roth awer och schonn éischt praktesch Erfarungen als Déierendoktesch sammelen. Dat, wéi si an de Praxisse vu Wiener Déierendokteren, déi krank waren oder aus anere Grënn, net praktizéiere konnten, ersat huet. Aus dëser Zäit, sinn hir och nach e puer Geschichten an Erënnerung.
Enges Dages hat si zum Beispill no engem Basset Hound, dem seng Doftdrüse blockéiert waren, gekuckt. Wéi dat ausgaangen ass, erzielt si Iech am Beschte selwer.
Och mat engem grousse Papagei, deem si de Schniewel feilen an d'Kralle kierze sollt, an deen hirem deemolege Partner trotz extra gepolsterte Schutz-Händsche bal e Fanger ofgepëtzt huet, hat si es ze dinn.
De Beruff vun der Déierendoktesch: Nieft Muppen a Kaze muss een och mol e Waran ënnersichen
1985 hat sech dem Romi Roth dunn d'Geleeënheet gebueden, sech zu Lëtzebuerg als Déierendokter selbststänneg ze maachen. Hir deemoleg Schwéierfamill hat nämlech 2 Haiser um Lampertsbierg an hir ugebueden, sech an engem dovunner mat hirer Praxis ze installéieren. Wéi dunn aus der Schwéierfamill eng Ex-Schwéierfamill gouf, hat si sech missen no engem neie Gebai fir hir Praxis ëmkucken. Dat war allerdéngs guer net esou einfach. Eng Immobil an där een eng Déierepraxis ënnerbrénge wëll, muss nämlech eng ganz Partie Krittären erfëllen. Se muss zum Beispill esou ausgeluecht sinn, dass d'Praxis um Rez-de-chaussée läit an et musse Parkplazen an der Géigend sinn. Deemno wéi grouss dat krankt Déier ass, kann de Meeschter oder d'Meeschterin et nämlech schlecht e puer honnert Meter bei d'Praxis an duerno nach op den éischte Stack schleefen. Wann een dann eppes lount, muss een dacks d'Appartement iwwert der Praxis dobäi lounen, well wéinst dem potentielle Kaméidi, deen d'Déiere maache kënnen, an der Reegel keen aneren do wunne wëll.
2005 huet d'Romi Roth awer schliisslech eng Immobil fir hir nei Praxis fonnt. Dat an der Millebaach, wou si bis haut als Déierendoktesch schafft.

© RTL / Pedro Venancio
Well ee fir d'Visitt beim Déierendokter net fräi kritt, muss ee sech als Déierendoktesch bei den Horaire vun de Consultatiounen esou upassen, dass d'Leit wéinstens eemol pro Woch en Dag fanne kënnen, deen hinne passt. Dem Romi Roth seng Stonne fir d'Consultatioune sinn dowéinst net all Dag déi nämmlecht Dënschdes kënnen d'Leit zum Beispill vun 9 Auer moies bis 12 Auer mëttes kommen an da vu 14 bis 16 Auer Mëttes, Mëttwochs da vu 6.30 Auer moies, bis 12 oder 1 Auer mëttes.
Nieft deene méi alldeegleche Patienten, wéi Muppen a Kazen, këmmert si sech och Mol ëm méi exotesch Déieren. Rezent huet si zum Beispill e Waran mam Numm Leon, deen an enger Schoul gehalen a vun de Schüler versuergt sollt ginn, ënnersicht, fir ze kucken ob dëse keng Krankheeten huet, déi fir de Mënsch kënne geféierlech sinn. Ma bei enger Analys vum Leon sengen Exkrementer hat d'Romi Roth erausfonnt, dass de Waran Wierm huet, déi op der Mënsch iwwergoe kënnen. Elo gëtt de Leon dann an engem Institut zu Utrecht, dat op exotesch Hausdéiere spezialiséiert ass, behandelt.
Mental Gesondheet bei den Déieren
Nieft de kierperleche Krankheete spillt bei den Déieren och déi mental Gesondheet eng Roll. Als Déierendoktesch, déi scho jorelaang praktizéiert, géif een zimmlech séier erkenne wann zum Beispill e Mupp aus psychologesche Grënn aggressiv gëtt. Ma mëttlerweil gëtt et zu Lëtzebuerg esouguer en Déierendokter, deen op d'Verhalenstherapie bei den Déiere spezialiséiert ass. Dee ka sech ëm Déiere mat psychesche Probleemer këmmeren, andeems en se therapéiert oder hinne Medikamenter verschreift.
Ma net nëmmen Aggressivitéit ass psychesch bedéngt, och wann en Hond et net verdréit eleng ze sinn, huet dat mental Grënn. D'Romi Roth hat zum Beispill selwer e Labrador, bei deem dat de Fall war an deen dowéinst esouguer bei hir doheem de Belag vum Buedem lassgerappt huet. An esou engem Fall, kann den normalen Déierendokter dann och mol Medikamenter verschreiwen, fir dem Déier an dem Meeschter an enger éischter Phas séier ze hëllefen.
Wann en Hond da géigeniwwer anere Mënschen aggressiv gëtt, kann dat ënner anerem un der Onsécherheet, déi den eegene Meeschter am Ëmgang mam Déier huet, leien. Muppe sinn nämlech ganz empathesch Wiesen a mierken, wann een onsécher ass oder Angscht huet. Wann de Meeschter dann Angscht huet, wann en anere Mënsch entgéint kënnt, well e sech net sécher ass, ob en den eegenen Hond kontrolléiert kritt, mierkt d'Déier dat an et ka sinn, dass de Mupp bäisst, fir déi presuméiert Gefor ofzewieren.
Stéchwuert "Empathie"; déi leeën net nëmmen Hënn un den Dag. Och Kaze sinn, anescht ewéi laang Zäit geduecht, empathesch Déieren, déi sech als Deel vun hirer Famill spieren an de Mënsch als Compagnon akzeptéieren. Esouguer Kazen, déi sech éischter manner gären upake loossen ginn net gär laang eleng gelooss a weisen an Reegel, dass si frou sinn, wann hir Mënschen heem kommen.
Op wat sollt een oppassen, wann ee wëll, dass säin Hausdéier e laangt a gesond Liewen huet?
Wann een dann decidéiert, sech en Déier unzeschafen, sollt ee sécherstellen, dass een dësem dat richtegt Ëmfeld bidden a sech ëm et këmmere kann. Et sollt ee sech och bewosst sinn, dass kleng Déieren net onbedéngt dat ideaalt éischt Hausdéier fir e Kand duerstellen. Hamsteren sinn zum Beispill Eenzelgänger, déi éischter owes an nuets aktiv sinn an dozou an der Moyenne nëmmen 2 Joer al ginn. Zwerg-Kanéngercher kënne sech dem Mënsch sengem Liewensrhythmus upassen, sollten awer a Koppele gehale ginn. Dat nämmlecht gëllt fir Kazen, déi an enger Wunneng gehale ginn an deenen hire Meeschter daagsiwwer länger fort ass. Dës sollt ee sech iwweregens vun Ufank vun zu 2 uschafen, net dass en et duerno Probleemer ginn, well eng Katz déi aner net akzeptéiere wëll.
Wann een da méi Zäit huet, kann ee sech och e Mupp an d'Haus huelen. Bei der Wiel vun der Rass, sollt een da kucken, wat ee mam Mupp maache wëll a wéi intensiv ee sech ëm se këmmere muss. Verschidde Rassen, wéi zum Beispill Border Collien oder Australian Sheperden mussen nämlech mental a kierperlech gefuerdert ginn a kënnen duerchaus hiren eegene Kapp hunn.
Natierlech sollt ee sech och ëm d'Gesondheet vu sengem Déier këmmeren. Eng Kaz sollt een zum Beispill zimmlech séier, nodeems een se adoptéiert huet bei den Déierendokter bruecht ginn, fir dass se eng kéier op déi gängeg Probleemer a Kränkten ënnersicht gëtt. Virun allem Kazen, déi erausginn, mussen dann nach déi néideg Impfunge kréien a sollten eng Kéier am Joer ënnersicht ginn. Ma och Kazen, déi dobanne gehale ginn, sollte vun hirem siwente Liewensjoer un eemol d'Joer an d'Kontroll bruecht ginn.
Mat engem Mupp muss een dann op d'mannst all 3 Joer bei de Déierendokter goen. Da muss déi gesetzlech virgeschriwwen Impfung géint d'Tollwut nämlech opgefrëscht ginn. Verschidde Rasse sinn awer gesondheetlech méi fragil a sollten och eemol pro Joer ënnersicht ginn.
Bei der Ernierung, kann ee sengem Mupp och roueg aner Saachen ze friesse ginn, ewéi dat fäerdeg preparéiert Industriefudder, och wann et dëst a gudder Qualitéit gëtt. Wann ee sech hei net sécher ass, wat een dem Mupp ka ginn, sollt ee sech vun engem Déierendokter berode loossen. Als Fauschtreegel kann een d'Moolzecht vu sengem Hond aus engem Drëttel Fleesch, engem Drëttel Kuelenhydrater, wéi zum Beispill Räis oder Gromperen, an engem Drëttel Geméis oder Uebst zesummesetzen. Beim Geméis sollt een allerdéngs oppassen. Hënn verdroen nämlech keng Zwiwwelen, kee Knuewelek a keng Poivronen. Schockela ass iwwerdeems e kompletten No Go, deen ass fir d'Muppen nämlech gëfteg.
Egal op Muppe, Kazen, Hamsteren oder och Waranen. D'Romi Roth ass vun hirem Beruff begeeschtert. Wéi si selwer sot, hätt si et nach ni bereit, Déierendoktesch ginn ze sinn a si kéint et sech och net virstelle wéi et et gëtt, wa si enges Dages net méi schafft.