En aggressive Schwan huet am däitsche Mecklenburg-Vorpommern d'Police op de Plang geruff.

Dat aggressiivt Déier, dat duerchernee gewierkt huet, stoung e Mëttwoch de Moie viru der Hausdier vun engem Mann an ass do net méi geréckelt. De Mann souz fest, well de Schwan hie partout net wollt laanscht loossen. Hie wousst senger Hänn kee Rot méi an huet missen d'Police ruffen. 
 
Ma och wéi d'Beamten op d'Plaz komm sinn, huet dat net wierklech gehollef. De Contraire war de Fall, de Schwan ass just nach méi rose ginn. No enger gudder hallwer Stonn eréischt ass et mat vereente Kräfte gelongen, de Schwan, deen net verwonnt war, an eng Transportkëscht ze spären a bei e Weier ze féieren.