Japanesch Polizisten dierfen elo Gewierer géint Bieren asetzen
© Photo by HIDENORI NAGAI / YOMIURI / THE YOMIURI SHIMBUN VIA AFP
Wéinst enger grousser Unzuel vu Bieren-Attacken an de leschte Méint dierfe Polizisten a Japan elo op Gewierer zeréckgräifen.
D'Police a Japan dierf vun en Donneschdeg un och mat Gewierer op Biere schéissen, dat nodeems déi streng Waffegesetzer geännert goufen, fir Autoritéiten am Kampf géint eng Rei vu fatale Bieren-Attacken z'ënnerstëtzen. Dës Attacken haten och d'US-Ambassade zu Tokio rezent dozou bruecht, eng Alert erauszeginn, an och d'brittesch Regierung huet Touriste gewarnt, net eleng op Plaze spadséieren ze goen, wou Bieren observéiert goufen.
Zanter Abrëll si landeswäit 13 Leit duerch Attacke vu Bieren ëm d'Liewe komm – e Rekordwäert. Bal all Dag gëtt gemellt, datt Bieren a Wunnhaiser erakommen, bei Schoule gesi ginn oder sech esouguer a Supermarchéen ophalen. Fuerscher soen, d'Entwécklung géif op eng séier wuessend Biere-Populatioun zeréckgoen, an dat an engem Joer mat enger schwaacher Eechel-Recolte.
Besonnesch staark betraff sinn d'Nord-Regiounen Akita an Iwate.
Lokal Autoritéiten hu vis-à-vis vun AFP confirméiert, datt d'Revisioun vum Waffegesetz en Donneschdeg a Kraaft getrueden ass, nodeems se d'lescht Woch ugekënnegt gouf. Hannergrond dozou sinn ënner anerem Medieninformatiounen, datt d'Pistoulen, déi déi regulär Police a Japan benotzt, net staark genuch wieren, fir Bieren ze erschéissen.
E Mëttwoch war e jonke Bier an der Géigend vum Iwate Hanamaki-Fluchhafen opgetaucht. D'Landepist gouf doropshi fir méi wéi eng Stonn zougemaach an zwee national Flich haten doduerch Verspéidung.