No enger Kollisioun mat engem Kaméil ass en Auto Schrott
© HIMANSHU SHARMA / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP
A Baden-Württemberg an Däitschland ass e Kaméil aus engem Zirkus fortgelaf a gouf duerno vun engem Auto ugestouss.
D'Déier gouf beim Accident blesséiert an huet missen op der Plaz vun engem Véidokter versuergt ginn. Den Auto war no der Kollisioun Schrott. Wéi d'Policedirektioun vun Ulm matdeelt, wier d'Kaméil virum Accident vum Terrain vun engem Zirkus fortgelaf. Duerno wier et an der Géigend vun Ehingen iwwer eng Strooss getrëppelt. Hei krut en 30 Joer alen Automobilist dat eng Tonn schwéiert Déier schliisslech mat sengem Gefier ze paken.
Kuerz drop wier och de Besëtzer vum Kaméil op der Plaz opgedaucht. Den 33 Joer ale Mann hätt géigeniwwer de Poliziste gesot, dass kuerz virum Accident zwou onbekannte Persounen um Terrain vum Zirkus ronderëm geschlach wieren a wuel e geséchert Ofspärgitter opgemaach hätten, duerch dat d'Déier da fortgelaf wier.
D'Police huet d'Spueren op der Plaz geséchert a sicht elo no Zeien, déi méiglecherweis verdächteg Beobachtunge gemaach hunn. Et leeft eng Enquête wéinst geféierlechem Agrëff an de Stroosseverkéier.