Wollefspopulatioun an Däitschland stabel bliwwen
© AFP
Eng éischte Kéier zanter d'Wëllef viru 25 Joer nees an Däitschland ugesidelt goufen, ass hir Unzuel stabel bliwwen.
Am Monitoring 2024/2025 goufe bundeswäit 276 Wollefsterritoirë confirméiert, an deenen op d'mannst 1.636 Wëllef liewen.
Dat weisen d'Daten am Zäitraum Mee 2024 bis Abrëll 2025, déi an der Dokumentatiouns- a Berodungszenter zu Görlitz verëffentlecht goufen. Am Monitoring 2023/2024 gouf et 274 Wollefsterritoiren, an deenen 1.601 Wëllef nogewise goufen.
D'bundeswäit Wollefspopulatioun konzentréiert sech aktuell wéi schonn an de Jore virdrun op Niedersachsen, Sachsen-Anhalt, Mecklenburg-Vorpommern, Brandenburg a Sachsen. Awer och an allen anere Flächelänner - ausser dem Saarland - goufen Terrainen nogewisen, op deenen et Wëllef ginn. Am Ganze goufen do deemno 219 Wollefsruddelen, 43 Wollefskoppelen a 14 Eenzeldéiere bestätegt. Déi meescht Territoiren, wou Wëllef heemesch sinn, goufen am Zäitraum 2024/2025 an Niedersachsen mat 63 a Brandenburg mat 60 gezielt.
Tëscht Mee 2024 an Abrëll 2025 goufe bundeswäit 163 doudeg Wëllef entdeckt. Déi heefegst Doudesursaach war op de Stroosseverkéier zeréckzeféieren, op d'mannst 16 Déiere goufen illegal doutgemaach, bei dräi Déiere ware Verhalensstéierunge festgestallt ginn an a siwe Fäll war et duerch eng natierlech Doudesursaach. Bei 12 Wëllef konnt keng Doudesursaach festgestallt ginn.