"Ech wollt schonn ëmmer en Hond", mat deem ech "eppes schaffen" kann

© Gwen Daufeld
Als passionéiert Pompjee louch et fir d'Gwen op der Hand, mat sengem Mupp an d’Hondsstaffel ze goen.
Wärend der Sich no enger Pelznues ass déi haut 29 Joer Fra "zwee, dräi Mol ouni Hond" bei d’Staffel kucke gaangen. Hir huet gefall, wat si um Training gesinn huet. An 2014 huet sech dunn "d’Chance erginn", datt hatt de Labrador Twix krut a mat him bei der Hondsstaffel vum CGDIS ugefaangen huet.
Zwee Joer huet d’Ausbildung vum Twix gedauert. Ma esou en Engagement ass immens zäitintensiv, wéi eis d’Gwen erkläert: "Mir hunn zwee Mol d’Woch Training vu 4 Stonne jeeweils. Dofir ass et wichteg, fir datt den Hond an de Meeschter en Team ginn, datt si vill Zäit zesumme verbréngen. A fir iergendwann eng Kéier an den Asaz ze goen, muss vill Training hier. Dat ass u sech dat Wichtegst." D’Basics wéi d’Befeeler "Sitz, Bleif, Plaz" ginn doheem trainéiert.
D’Muppe komme meeschtens schonn am Welpenalter bei d'Hondsstaffel. Fir d’éischt gëtt d’Wiese vum Mupp gepréift, entsprécht dëst de Krittären, ginn d'Véierbeener opgeholl. Net all Rass eegent sech nämlech als Sichhond. Bei der Ekipp vum CGDIS si virun allem motivéiert Muppe vu mëttlerer Gréisst vertrueden.
Fir eisen Interview mat der Hondsmeeschtesch ware mir bei engem Training vun der Hondsstaffel an engem groussen, verloossene Gebai mat ville Méiglechkeete sech ze verstoppen. Mä och mat der Schwieregkeet, datt vill Raim no uewen op sinn, wouduerch de Geroch vun der "Victime", wéi déi extra verstoppt "Affer" genannt ginn, sech duerch d’Gebai verbreet. Méi schwéier also fir de Mupp, dem mënschleche Geroch no ze goen.
An enger éischter Phas vum Training ginn d’Hënn "motivéiert". Sinn de Meeschter an de Mupp, prett. Verstoppt sech d’Victime, mécht awer op sech opmierksam, an deem si haart jäizt. Mat der Zäit mierkt de Mupp, datt e sech op seng Nues konzentréiere muss, fir de mënschleche Geroch ze fannen. Bei méi erfuerene Pelznuese gëtt ouni "Motivatioun" geschafft. Den Hond weess, dass e sech op seng Nues verloosse muss. Ganz wichteg bei Sichaktiounen ass, datt de Meeschter an d’Déier all Beweegung vunenee kennen. Huet den Hond eng Spuer opgeholl, hieft en dacks de Kapp. Huet en d’Affer fonnt, fänkt en u mat Billen. Ma eréischt wann de Mupp ganz sécher bei der Victime ukomm ass, billt en ouni Paus, bis e belount gëtt. D’Sichhënn vum CGDIS gi mat Spille belount. Hir Spillsaach ass "d’Zil", op dat d’Pelznuesen trainéiert ginn. Bei engem Asaz huet d’Affer natierlech keng Spillsaach dobäi. An deem Fall gëtt no enger Sichaktioun e klengen Training simuléiert, no deem den Hond fir d’Sich virdru mat belount gëtt.
D’Asätz vun der Hondsstaffel vum CGDIS si ganz verschidden. Vun eelere Leit, déi sech verlafen, iwwer vermësst Persoune bis zu der Trümmersich. Nieft dem Vertrauen tëscht dem Meeschter an dem Hond mussen d’Ekippe sech och géigesäiteg openee verloosse kënnen. Fir op Asätz en agespillt Team ze sinn, gëtt och reegelméisseg mat deenen aneren Hondsstaffelen trainéiert. Virun allem bei Trümmerasätz ass et dacks schwéier sécher ze sinn, datt keng Affer méi ënnert den Trümmer sinn, dofir gëtt en zweet Meeschter-Hond-Team op den Terrain geschéckt. Op wéi villen Asätz, d’Gwen scho war, weess hatt net genee, op alle Fall waren "et der schonn e puer". Een Asaz, deen dem Gwen besonnesch no goung, war d’Zuchaccident 2017 zu Diddeleng. Dat war deen éischten Trümmerasaz vum Gwen an Twix.
D’Gwen ass scho méi laang fräiwëlleg bei de Pompjeeë gewiescht a wollt sech och berufflech beim CGDIS engagéieren. Nodeems en éischte Versuch vum Exame fir de Beruffspompjee net gegléckt war, huet d’Gwen sech fir d’Aarbecht mat Demenz kranke Leit decidéiert. Fir hatt "richteg dankbar Leit". Ma déi passionéiert Pompjee huet et trotzdeem op den Terrain gezunn, raus aus engem „zouene Gebai“. Deen zweeten Examen huet d’Gwen gepackt a schafft elo an der Stad. D’Aarbecht als Beruffspompjee an den Engagement bei der Hondsstaffel sinn zwar kloer getrennt, ma d’Gwen huet awer d’Chance, hire Mupp mat op d’Aarbecht dierfen ze huelen a "wann den Effektiv vun de Leit op der Aarbecht et garantéiert", dierf hatt mat senger Pelznues op den Asaz bei der Hondsstaffel.
Dem Gwen säin éischte Mupp, den Twix, genéisst zanter Ufank des Joers seng Pensioun. No 9 Joer als Sichhond war et Zäit, Äddi ze soen a sech zréckzezéien. D’Sichhënn sinn nämlech ganz aktiv Déieren, wat och un "de Beweegungsappart" vum Mupp geet. Sichhënn sinn deemno dacks méi ufälleg fir Krankheete wéi Arthrose. An der Pensioun kënnen d’Hënn dann nach e puer Joer relaxen.
Fir sech awer weiderhin an der Hondsstaffel kënnen z’engagéieren, huet sech d’Gwen scho virun zwee Joer op d’Sich no sengem zweete Mupp, dem Kaya, engem belsche Schéiferhond, gemaach. „Ech wousst jo, dass ech mäin Hond mat zéng Joer aus dem Déngscht eraushuelen, an dunn hunn ech ugefaangen no engem Hond ze sichen. (…) Ech weess, dass mäin neien Hond zwee Joer brauch, bis e mat der Ausbildung fäerdeg ass."
Wat d’Gwen motivéiert bei der Hondsstaffel ze bleiwen, sinn "definitiv d’Leit an d’Aarbecht mam Hond". Et mécht him Spaass an hatt huet "och wëlles dat nach eng laang Zäit ze maachen".
Méi Informatiounen zu der Hondsstaffel vum CGDIS fannt Dir op hirem Site.