De Pierre Gallego ass Mieresbiolog, engagéiert sech mat senger ASBL Odyssea fir den Erhalt vun de Mierer an ass Touristeguide an der Arktis an Antarktis.

De Pierre ass net dacks zu Lëtzebuerg, wann dann emol awer, gesäit een en zu Esch, do hunn ech e getraff fir dësen Interview. Et spiert een direkt, dass hien eng Passioun huet an déi gären deelt. Freier war en Optimist, haut gesäit hie Villes méi realistesch.

"D’Antarktis ass fir mech déi schéinste Plaz op der Welt"

An de leschte Méint ass de Mieresbiolog am léifsten als Touristeguide ënnerwee. Fir dës Plaze fir aner Mënschen accessibel ze maachen a fir drop opmierksam ze maachen, dass et wichteg ass, déi ganz Regioun z'erhale wéi se ass. Op d’Fro ugeschwat, ob den Tourismus net eng Gefor ass äntwert hien:

"D'Antarktis ass mega wäit ewech, et interesséiert u sech déi mannste Leit dës ze schützen. Dat Gebitt ass geschützt an awer gëtt et Aktivitéit op der Plaz. D'Realitéit ass, dass trotzdeem illegal Schëffer do eraginn an am grousse Stil illegal fëschen. An déi eenzeg Aart a Weis, fir ee Gebitt ze schützen, ass een Deel dovunner ze affere fir den Tourismus, fir dass d'Leit gesinn, wat et ass. Wann een et net mat eegenen Ae gesäit, huet een nëmmen eng romantesch Virstellung."

RTL

© Pierre Gallego

Klimawandel verännert eis Weltmierer

99,9 Prozent vun de Wëssenschaftler déi am Klimawandel schaffen, soen, dass sech d’Klima verännert an dat duerch mënschlech Aktivitéit.

"Dat wat am komplizéiertsten ass mam Theema Klima a Klimawandel, ass, dass et eppes ass, wat sech iwwer ganz grouss Zäitskale verännert. De Problem dee mer elo hunn, ass, dass mir als Mënschen alles esouwäit gedréckt hunn, dass et sech elo vill méi schnell verännert.”

D’Klima op der Äerd wier eppes ganz Komplexes. De Mieresbiolog kuckt besonnesch op den Impakt op d’Mierer an d’Stréimungen. Wann déi änneren, an et géif éischt Unzeechen dofir ginn, kéint sech d’Klima drastesch änneren.

"Ech war schonn an der Antarktis mat 17 Grad am T-Shirt."

Mir alleguerten si faszinéiert vum Mier

Natierlech géif et Leit ginn, déi d’Bierger léiwer hunn, mee wann een éierlech wier, géifen dach déi mécht Leit bei Vakanz un d’Mier denken. Eigentlech hätt jiddereen eng gewësse Faszinatioun fir d'Mierer. De Choix Mieresbiolog ze ginn, erkläert de Pierre Gallego esou:

"Ech kommen aus enger spuenescher Famill, déi ursprénglech aus enger Küsteregioun vu Spuenie kënnt, bei Granada. An all Summer si mir bei d'Mier gaangen an ech hunn dat genial fonnt. Do si mer schnorchele gaangen an tauchen."

Eng Passioun déi bis haut bliwwen ass an déi elo en Deel vu sengem berufflechen Alldag ass. Studéiert huet de Lëtzebuerger zu Léck. Veterinaire-Medezin, mam Zil, mat Delfinen a Walen ze schaffen. Do gëtt et een Departement, dat sech mam Strande vu Walen an Delfine befaasst.

"Et war ganz interessant, mee et ware meeschtens Déieren, déi dout waren. Ech wollt awer mat liewegen Déieren ze dinn hunn. Dat heescht duerno, wou ech matt der Déieremedezin fäerdeg war, do sinn ech an den Zoo schaffe gaangen."

RTL

© Pierre Gallego

Gestéiert hätt hien do awer, dass d’Déiere a Gefaangenschaft liewen. D'Delfine wieren zum Beispill Déieren, déi guer net domat kloer kommen.

De Pierre Gallego huet decidéiert, e Master an der Mieresbiologie ze maachen an huet dunn d’ASBL Odyssea gegrënnt. Et hätt een ënnert anerem fir Jonker Stagen a Südbergen oder och der Dominikanescher Republik organiséiert. D’Associatioun ass och an der Fuerschung aktiv. Eng RTL-Ekipp hat hien 2017, bei engem vun dëse Projeten, am Mosambik begleet.

Odyssea
De Pierre Gallego ass e Lëtzebuerger Mieresbiolog, dee sech op Delfinen a Wale spezialiséiert huet a fir seng Fuerschung an de Mozambique gefuer ass.

"Ech war zu där Zäit amgaang meng Doktorsaarbecht ze maachen, iwwer Buckelwalen. Et war e Projet, deen ech am Ecuador an am Mosambik gemaach hunn. Virun dräi Joer konnt ech en ofschléissen."

D’Fuerscher hu Biopsië vu Buckelwalen geholl, fir erauszefannen, vu wat se sech géingen ernären. D’Déiere géifen an d’Antarktis kommen, fir ze friessen an an den Ecuador oder Mosambik, fir sech fortzeplanzen.

Bei de Walen am Mosambik hätt ee festgestallt, dass Déieren aus der selwechter Populatioun op verschidde Plazen an d’Antarktis gaange wieren, fir sech z'ernären a sech warscheinlech och vu verschiddene Saachen ernäert hätten, esou de Wëssenschaftler.

RTL

© Pierre Gallego

D’Mierer musse besser geschützt ginn

D’Mënsche wieren u sech déi intelligentsten Déieren, an awer géife mer eis Ressourcë schlecht geréieren. Et géif vill wëll Plaze ginn, déi verschwannen. Duerch d’Fëscherei ass e groussen Deel vun de Mierer an engem kriteschen Zoustand.

"Esou kann et net weidergoen. Et heescht eigentlech misst een alles schützen. Ech hu mech natierlech fir Walen an Delfinen agesat, well dat mäin Domän ass, fir deen ech mech interesséieren.”

De Pierre Gallego ass den Expert dee Lëtzebuerg an der internationaler Walkommissioun vertrëtt. Dat wier den 3. Pilier an deem hie schafft.

Et géif net duer goen, eng Aart ze schützen, well un enger Aart géif Villes drun hänken. D’Wale wieren zum Beispill an de leschte Joren intensiv gejot ginn, bis se quasi ausgestuerwe waren. Duerch d’Efforten déi ee gemaach huet, konnt ee verschidden Aarten nees retten. Dat wier schonn eppes Positives a géif weisen, dass den Asaz sech loune kann.

RTL

© Pierre Gallego

Zanter 20 Joer ass de Pierre Gallego elo aktiv. Ugangs war hien e groussen Optimist, bei allem wat en an de leschte Jore gesinn huet, wier en elo méi Realist:

"D'Weltmierer sinn immens grouss an, immens resilient. Et ass awer vill méi einfach fir Plankton oder Fëschbestänn nees ze wuessen. Wann ech do mat Déieren ze di muss, déi méi komplex sinn, wéi Delfinen a Walen, déi laang Liewen, déi brauche vill méi Zäit fir sech ze erhuelen.”

D'Blowale wieren e Beispill. Se goufe vill gejot, praktesch bis se ausgestuerwe wieren. Déi hätte sech bis haut net erkritt. Dëst sollt een als Appell gesinn, dass wann een Aarten, d’Natur insgesamt, wéilt protegéieren een esou fréi wéi méiglech soll ufänken, esou de Pierre Gallego.