"Et muss een déi beschützen, déi keng eege Stëmm hunn"
Praktesch all Owend ass op d'mannst ee vun der Ekipp vun "Een Herz vir Streuner" ronderëm d'Nadja Burg am Numm vun de Streunerkazen ënnerwee.
"Also mir kréie wierklech all Owend Messagen, Uriff, Hëllef Ufroen.", erzielt d'Presidentin vun der ASBL. Mol sinn et Urgencen, e blesséiert Déier bei de Veterinär bréngen, mol sinn et geplangten Aktiounen, bei deenen am grousse Stil Kazen op enger Plaz agefaangen, kastréiert a medezinesch versuergt ginn. Wann et méiglech ass, gi si duerno nees op hir Fudderplaz zréckgelooss.
Kazen an Zuelen
2023 konnte si esou 1.078 Kazen hëllefen. 781 Kaze si steriliséiert, gechippt, géint Parasitte behandelt an zréck op hir Fudderplaz komm. 288 weider Kaze waren ze kleng, ze krank, ze mënschebezunn a si weider vermëttelt ginn.
Et ginn zu Lëtzebuerg keng offiziell Zuelen, wéi vill Streunerkazen et ginn. Op Nofro bei verschiddenen Déiereschutzorganisatioune kritt een den Androck, dass et der awer net wéineg sinn. Esou huet d'ASBL Privaten Déiereschutz vun 2010 bis 2022 am Ganzen 9.429 Kaze kastréiert. Organisatioune wéi Mini-Miez a Miau an Co si virun allem dorop spezialiséiert, kleng Kitten opzehuelen an opzepäppelen. D'Mini-Miez asbl kastréiert d'Joer eng 60 bis 80 Kazen an hëlt tëscht 150 an 200 Kitten op. Miau an Co huet eleng d'lescht Joer 80 erwuesse Kaze kastréiert an 203 Kitte verfleegt. D'Déierenasyler sinn Opfangstatioune fir Hausdéieren an Nout, och si kastréiere reegelméisseg Kazen, dovunner och ëmmer nees Streuner.

Zu Schëffleng am Déierenasyl mierkt een et virun allem am Fréijoer, wann déi Kleng op d'Welt kommen, fonnt an an d'Asyl bruecht ginn. "Dat heescht, dass mir eigentlech vu Mäerz bis November riicht duerchschaffen. Mir hunn awer an der Moyenne 7 Leit hei schaffe ronderëm d'Auer. Dat heescht, et ass wierklech méi Aarbecht, wéi een dat mengt.", erzielt d'Jennifer Pauwels vum Schëfflenger Asyl. Aktuell ass et zwar nach roueg fir d'Joreszäit, esou lues géif et awer lassgoe mat éischte klenge Kazen, déi hinne bruecht ginn.
Passioun Déiereschutz
"Et muss een déi beschützen, déi keng eege Stëmm hunn ", seet d'Nadja Burg. Si ass zanter 20 Joer am Déiereschutz aktiv an huet vill Joren ëmmer nees Fleegekazen opgezunn. Elo ass si méi aktiv um Terrain: "Eis ass einfach opgefall, mir kruten ëmmer vill Uriff: Hei läit ee Kazebëbee, hei läit eng krank Kaz. Jo, mee do muss ee sech och froen, et ass natierlech schéin dohinner ze goen an ze hëllefen an där Kaz ze hëllefen. Definitiv wonnerschéin. Mee wou kommen déi all hier? Wou kommen déi ganz dausend kleng Kazen, déi all Joer op d'Welt kommen hei am Land hir?"
Eng Kaz kann zweemol d'Joer Jonker kréien an ass vun engem hallwe Joer u geschlechtsräif. Ee Worf sinn am Duerchschnëtt 2 bis 3 Kitten. Déiereschutzorganisatioune wéi "Vier Pfoten" oder "Peta" maachen d'Rechnung.

Dobäi gesäit d'Déiereschutzgesetz vum 27. Juni 2018 vir, dass all Kaz zu Lëtzebuerg muss gechippt an elektronesch registréiert sinn an all Fräigängerkaz muss kastréiert sinn. Réischt Ugangs Mäerz huet de Landwirtschaftsministère dorunner erënnert. Eng Ausnam vun dëser Flicht sinn déi sougenannte Bauerekazen.
Inzucht an aner Krankheeten
Wa Kaze sech onkontrolléiert kënne fortplanzen, dann huet dat net just een Afloss op d'Unzuel vun den Déieren, mee och op de Gesondheetszoustand vun all eenzeler. Inzucht ass ee grousst Thema. "Eng Kaz ka bis zu 2, 3 mol d'Joer Bëbeeë kréien. Si maache keen Ënnerscheed, ob dat de Brudder ass, ob si krank sinn oder net.", seet d'Nadja Burg. Si treffen och dacks op Kazen, déi an engem ganz schlechten Zoustand sinn. Zum Beispill d'lescht Joer hu si mussen 9 Kazen aschléifere loossen. Dr. Ulrike Eyschen-Drexel schafft dacks mat der Déiereschutzorganisatioun zesummen an erkläert, wat Inzucht fir eng Auswierkung op déi allgemeng Gesondheet huet: "Die haben dann Missbildungen, die sind schwächer. Die sind einfach insgesamt in der Konstitution oft kleiner, haben Stummelschwänze. Das ist oft ein äußerliches Anzeichen. Das ist wirklich ein Problem, das man eigentlich vermeiden könnte."
A verschiddene Gemengen, wéi zum Beispill Déifferdeng ginn et finanziell Hëllefen, fir Kazen ze kastréieren, respektiv steriliséieren ze loossen.