Ausrutsche beim Spadséieregoe mat Hënn aus Déierenasyl ass en Aarbechtsaccident

Eng Fra, déi reegelméisseg mat Hënn aus dem Déierenasyl spadséiere gaangen ass, war dobäi ausgerutscht an hat sech blesséiert.
D'Sozialgeriicht vun Oldenburg huet elo decidéiert, datt an dësem Fall vun engem Aarbechtsaccident ka geschwat ginn, well hei alleguer d'Verhältnisser, déi ee fir eng Beschäftegung muss hunn, erfëllt ginn. Dofir muss elo déi fir Aarbechtsaccidenter zoustänneg Assurance fir den Tëschefall opkommen.
Dës hat d'Situatioun net als Aarbechtsaccident ugesinn an dowéinst refuséiert, dofir ze bezuelen. D'Fra, déi mam Hond spadséiere gaangen ass, war och selwer als Benevole am Déierenasyl aktiv, well si hei d'Keese vum Veräin iwwerpréift huet. Beim Spadséieregoe war si ausgerutscht an hat sech d'Spronggelenk gebrach.
D'Geriicht huet decidéiert, datt d'Spadséieregoe mat engem Honn e wirtschaftleche Wäert fir d'Déierenasyl huet an dem Wëlle vun der Entreprise géif entspriechen. Et handelt sech net ëm e Gefalen, deen een dem Veräin mécht, well d'Ausféiere vun den Hënn géif wäit doriwwer erausgoen.
D'Fra war méi wéi eng Kéier pro Woch mat de Muppen ënnerwee, esou datt dës Tätegkeet kee geréngen Ëmfang hat. Eleng fir mat den Hënn spadséieren ze goen, huet si verschidde Richtlinne vum Veräin misste respektéieren. Si hätt zum Beispill net egal wéini mat den Hënn kéinte goen, mä si hätt sech u fest Zäite missten halen.