Offiziell Déierepensioune sinn an der Rei

© Tillmann Hübner / Unsplash
Am Land ginn et 25 Muppen- a 6 Kazepensiounen. Plaintë bei der Veterinärsinspektioun wéinst dem Déiereschutz si seelen.
De Mupp a méi nach d’Kaz, kënne meeschtens net mat an d’Vakanz. An deem Fall bleift de Besëtzer dacks just eng Déierepensioun als Optioun. Fir eng Pensioun ze féieren, brauch een eng Autorisatioun, déi beim Landwirtschaftsministère muss ugefrot ginn. "Dofir muss een en Dossier bei der Alva erareechen", erkläert d’Bérit Majeres, Chef vun der Veterinärsinspektioun. An dësem musse verschidden Dokumenter hannerluecht ginn. Ënner anerem eng Beschreiwung vun der Aktivitéit, déi ee wëllt maachen, d’Kapazitéit déi ee géing virgesinn, a wéi eng Zort vun Déieren ee wéilt halen. Duerno gëtt da vun der Alva eng Kontroll op der Plaz gemaach.
Ma net just d’Raimlechkeete musse bestëmmte Standarden am Sënn vum Déierewuel erfëllen. Och d’Leeder vun de Strukture sollen eng entspriechend Formatioun gemaach hunn. D’Alva réit am Virfeld awer och e Kontrakt iwwert di ugebueden Zerwisser ze maachen. "An am Virfeld ze klären, wat gemaach gëtt, wann en Déier sech blesséiert", preziséiert d’Bérit Majeres. Ob ee wéilt bei all klenger Blessur informéiert ginn, oder wann den Hond zum Beispill hippt. Bei wie soll de Proprietär vun der Pensioun am Fall vu Krankheet mam Déier goen: Bei de Veterinär vun der Pensioun oder bei dee vum Déier?
Nom Doud vu 5 Hënn zejoert
Zejoert war déi breet Ëffentlechkeet fir de Sujet vun den Déierepensioune sensibiliséiert ginn, nodeems 5 Hënn wärend, respektiv no hirem Openthalt an enger Muppepensioun zu Nidderkäerjeng gestuerwe waren. Dës hat keng Autorisatioun vum Landwirtschaftsministère. Bei der Alva blouf d’Affär awer net ouni Suitten. "Mer hunn antëscht e Planning vun de Kontrollen opgestallt", erkläert d’Bérit Majeres. Et géing en Echantillon gemaach ginn, bei deem 10 Prozent vun de Pensiounen, déi schonn eng Autorisatioun hunn, gekuckt géinge ginn. All déi di hinne géinge gemellt ginn, géingen da souwisou ewell ëmmer kontrolléiert ginn.
D’Affär vun Nidderkäerjeng wier dann ëmmer nach an den Hänn vun der Justiz, an et wéisst ee bei der Alva net iwwert en neie Moment Bescheed. Zejoert hätte sech e puer méi Mënsche wéinst Bedenke gemellt. Et hätt een no der Affär méi Telefone kritt, wou Leit sech iwwert d’Autorisatioune vu Pensiounen informéiert hätten, seet d’Bérit Majeres. Et hätt awer keng Augmentatioun vun de Plaintë ginn.
Generell wiere Meldungen, wou Leit fäerten, d’Déierewuel an enger Déierepensioun wier net respektéiert ginn, extrem rar. Déi wou dann eppes dru wier, nach méi rar. Zoumaachen hätt een eng Pensioun, déi eng Autorisatioun hat, nach ni mussen. Et hätt awer Pensioune ginn, déi mat hirer Aktivitéit opgehalen hunn, nodeems se gewuer gi waren, dass eng Autorisatioun néideg wier.