Vill lass an der Schlammwiss
Ëm déi 200 verschidden Aarten u Villercher passéiere Joer fir Joer d'Schilfgebitt vun der Schlammwiss wärend der Migratioun.
Den 1. Juli huet d'Hierschtmigratioun bei de Villercher ugefaangen an dauert bis de 15. November. Zech Dausende vu Vulle fléie wärend de kale Wanterméint a méi waarm Géigenden ewéi zum Beispill Afrika. Op hirer Rees maache si reegelméisseg Halt an der Schlammwiss zu Iwwersiren. An dësem Schilfgebidd kënnen d'Villercher sech vun hirer laanger Rees bis erof an de Süden erhuelen a Kraaft tanken.
D'Ekipp vu "natur & ëmwelt" këmmert sech ëm d'Beréngung vun de Villercher. Ausserdeem huele si d'Zecke vun de Villercher hire Fiederen erof. Déi ginn op verschidde Krankheeten hin ënnersicht. Dacks bréngen d'Vullen nämlech afrikanesch Zecke mat zréck vun hirer Rees.