Russesche "Spionage-Wal" an Norwegen wuel awer net erschoss

© AFP
De Wal, deen Enn August dout an enger Bucht fonnt gi war, soll engem virleefegen Obduktiounsrapport no awer net duerch Mënsche gestuerwe sinn.
Nodeems am August e Wal dout an enger Bucht an Norwegen fonnt gi war, hat et geschéngt, wéi wann d'Déier vu Mënschen erschoss gi wier. Engem virleefegen Obduktiounsrapport no kéint den Doud vum Belugawal, deen den Numm Hvaldimir kritt hat, awer net op Schëss zréckzeféieren ass. Dat huet déi zoustänneg norwegesch Police dës Woch matgedeelt, woumat d'Vermutunge vun Déiereschutzorganisatioune widderluecht goufen. Der Organisatioun OneWhale no wieren um ganze Kierper vum Wal Aschosslächer ze gesi gewiescht, wouduerch een dovun ausgoung, datt d'Déier erschoss gi war.
Den Hvaldimir, deem säin Numm sech aus dem norwegesche Wuert fir Wal (hval) an dem Virnumm vum russesche President Wladimir zesummesetzt, war 2019 net wäit vu russesche Gewässer mat enger Befestegung fir eng kleng Kamera an dem Schrëftzuch "Ekipement St. Petersburg" an Norwegen fonnt ginn. Dëst hat Spekulatiounen ausgeléist, datt d'Déier, wat immens zoutraulech war, e russesche "Spionage-Wal" hätt kënne sinn.
Enn August dëst Joer war de Belugawal dout an enger Bucht an der Géigend vu Stavanger fonnt ginn. Wéinst de Schosswonne vum Déier haten d'Déiereschutzorganisatiounen OneWhale an Noah Plainte bei den norwegeschen Autoritéite gemaach. Bei hire Vermutungen hate si sech nieft de Biller vun de Blessure vum Déier och op d'Aschätzunge vu Veterinären, Biologen a ballisteschen Experte baséiert, deenen no den Doud vum Hvaldimir d'Resultat vu kriminellen Handlunge kéint sinn.

Informatiountafel iwwer den Hvaldimir am Hafe vun Hammerfest (Norwegen). / © Image Wikimedia / DiFronzo