Eng siwe Méint, nodeems e Baartaf aus dem Leipziger Zoo geklaut gi war, goufen elo zwee Jugendlecher ugeklot.

Déi 17 an 18 Joer al Verdächteg sollen den Af "Ruma" Enn Mäerz aus hirem Käfeg geklaut hunn, erkläert eng Spriecherin vum Parquet vu Chemnitz e Mëttwoch.

Déi zwee Jugendlech wieren der Uklo no an den Zoo agebrach, hätten de Käfeg mat Gewalt opgemaach an d'Déier geklaut. E puer Deeg méi spéit war d'Ruma op engem Bam an der Géigend vun engem Méifamilljenhaus fonnt ginn. Deemools war d'Police dovun ausgaangen, datt den Af nom Déifstall wéinst dem ëffentlechen Interessi an de Medien erëm ausgesat gouf. Bei der Auswäertung vun de Beweismëttel hätten d'Ermëttler iwwerdeem Biller a Videoe fonnt, op deenen déi Beschëllegt mam Af ze gesi sinn.

Den Déifstall vum Af ass awer nëmmen ee vu de Reprochë vum Parquet. Zesumme mat engem 20 Joer ale Mann ginn deenen zwee ausserdeem eng ganz Rei aner Strofdote reprochéiert, wisou déi dräi an Untersuchungshaft sëtzen. D'Porte-parole vum Parquet huet vun am Ganzen 10 Uklo-Punkte géint den Trio aus Chemnitz a Limbach-Oberfrohna geschwat. Dorënner Erpressung a Banden-Déifstall.