Doudesursaach vu 44 Robben op Rügen bleift weiderhin onkloer

© Image Envato Wirestock
Nodeems am Oktober 44 doudeg Keelerobbe fonnt goufen, sinn d'Grënn weiderhin net gewosst. Vermutunge kënne weder beluecht, nach ausgeschloss ginn.
Ënnert anerem d'Spekulatioun, datt den Doud vun den Déiere mat Fëschernetzer zesumme kéint hänken, kéint "trotz opwennegen Analyse weder eendeiteg beluecht, nach komplett ausgeschloss ginn", hunn déi däitsch Waasserschutzpolice vu Mecklenburg-Vorpommern an de Parquet zu Stralsund en Donneschdeg den Owend matgedeelt.
D'Ermëttlunge géingen "dowéinst och ënner Consideratioun vun anere Versioune weidergefouert" ginn. Dat zesumme mat Experten an deem Beräich. Zil wier et fir d'éischt, d'Ursaach vum Robbe-Stierwen ze klären. Am nächste Schrëtt géing da gekläert ginn, ob et an deem Kontext zu engem Verstouss géint d'Gesetz koum.
Zanter Ufank Oktober war op der ëstlecher Säit vun der Insel Rügen eng ongewéinlech héich Zuel un doudege Keelerobbe fonnt ginn. Déi 44 Déiere wieren dem Ëmweltministère no eigentlech gesond gewiescht an d'Obduktiounen hätte keen Hiweis op natierlech Doudesursaachen oder Krankheeten erginn.
Viru ronn zwou Wochen huet den Ëmweltministère matgedeelt, datt et "aktuell keng belaaschtbar Noweiser" fir en Zesummenhang mat Bauaarbechten am Mier oder Fëscheraktivitéite géing ginn. Och eng sougenannt "Fëschreuse", also e Fëschernetz, virun Thiessow wier vun der Fëscherei-Opsiicht ënnert anerem duerch den Asaz vun Ënnerwaasserkameraen "ouni Resultat" kontrolléiert ginn. Dem Ministère no hätt et schonn 2017 eng änlech Unzuel un doudege Robbe ginn. Deemools hätt een d'Ursaach fir den Doud vun den Déieren net kënne klären.