Fir en éischter ongewéinleche Pompjeesasaz hat eng Geess zu Madrid gesuergt, déi sech op e Fënsterbriet op der fënnefter Etage veriert hat.

Net just d'Awunner vum Quartier Villaverde waren e Mëttwoch erstaunt iwwer de Geessebock um Fënsterbriet um fënnefte Stack vum Wunnhaus, och am Internet ass de Video vum Déier ronderëm gaangen. Vue datt d'Fënster, virun där d'Geess souz, zou war a keen an där Wunneng wunnt, hunn d'Pompjeeë missen eng Rettungsaktioun vum Balcon vum Noper aus starten.

Um Video vum Rettungsdéngscht ass ze gesinn, wéi d'Secouriste mat enger Brëtsch eng Aart Bréck tëscht dem Fënsterbriet an der Mauer vum Balcon bauen. Mat Muerten an Zaloteblieder geléngt et hinne schlussendlech, d'Vertraue vun der Geess ze gewannen, déi kuerz drop ouni Hëllef vun de Retter op d'Brëtsch klëmmt an a Richtung Balcon trëppelt.

Zwar kënne Geesse gutt klammen, ma well de Risk ze grouss war, datt de Bock kéint eroffalen a sech selwer oder Passante blesséiert, goufen d'Pompjeeë vu Madrid op de méi aussergewéinlechen Asaz geruff. Trotz Happy End bleiwen awer nach vill Froen oppen: Wéi koum d'Déier dohin a wiem gehéiert et? Déi zoustänneg Autoritéite wieren drun, d'Froen ze klären, ma fir d'éischt wéilt een dem Zwerggeessebock elo en neit Doheem sichen.