Déi véier Déierenasyler am Land zu Schëffleng, Esch, Diddeleng a Gaasperech stousse reegelméisseg mat hire Kapazitéiten un hir Grenzen.

Träger fir en Déierenasyl am Norde gesicht / Reportage Cédric Lanners

Dofir sollen an Zukunft d'Kapazitéiten ausgebaut ginn, esou d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen"Mir haten am Koalitiounsaccord dofir festgehalen, dass mer géinge kucken, dass mer och nach aner Strukture géifen ënnerstëtzen, natierlech do, wou et Sënn mécht. A mir wären extrem frou, wa mir och am Norde kéinten eng Struktur kréien, well am ganzen Norden, wat flächeméisseg e groussen Deel vun eisem Land ausmécht, hu mer keng sou Struktur."

Dass dës Strukture batter néideg sinn, confirméiert och de Loïc Feltgen vum Déierenasyl zu Gaasperech: "Bon, Kapazitéiten, Tendenze ginn no uewen, dat heescht, eiser Meenung no sollt scho gekuckt ginn, dass och weider Kapazitéite geschaaft gi fir nach weider Déieren opzehuelen, well mir hunn zwar ee breede Réck, mee iergendwann ass deen och iwwerlueden."

Wéi d'Martine Hansen erkläert, kann am Moment nach keen neit Asyl gebaut ginn, well et un enger ASBL feelt, fir déi nei Struktur ze bedreiwen: "Am Norden hu mer leider keen Déiereschutz Norden méi, deen aktiv ass, well mir bräichten een Träger, an deen Träger kënne mer dann natierlech ënnerstëtze beim Bau. Mir hu scho mol mat de Gemengen alleguer diskutéiert gehat, mir haten d'Gemengevertrieder eng Kéier zesummegeruff, ech hoffen datt mer och do fir den Norden eng Léisung fannen."

Fir ze verhënneren, datt ëmmer méi Déieren am Asyl landen, sollen eventuell zukünfteg Déiere-Besëtzer sech gutt informéieren an driwwer nodenken, ob een Hond oder eng Kaz an hir Liewenssituatioun passt.