
De Bockelwal Timmy, deen zanter Uganks Mäerz an enger Bucht virun der däitscher Ostseeküst festsouz an e Samschdeg duerch eng grouss ugeluechte Rettungsaktioun zréck an der Nordsee fräigesat gouf, ass Experten no warscheinlech dout. Wéi den däitsche Mieresmusée an engem Communiqué ze bedenke gëtt, gouf déi leschten onofhängeg nogewisen Observatioun vum Wal am oppene Mier den 2. Mee um 9:24 Auer mat enger Dron dokumentéiert.
Zënterhier gëtt et keng verifizéiert Informatiounen iwwer de Verbleif oder de Gesondheetszoustand vum Déier.
No de sëllege Rettungsversich souz de Wal ëmmer nees bannent kuerzer Zäit fest, Wëssenschaftler schätzen dowéinst, datt dat geschwächten Déier net genuch Kraaft hat, fir sech iwwer eng méi laang Zäit am déiwe Waasser ze halen.
Am Mëttelpunkt vun der Diskussioun steet elo d'Fro, ob d'Rettungsaktioun erfollegräich war an ob de Wal no der leschter Befreiung tatsächlech iwwerliewe konnt. Fir dat kënnen nozeweisen, fuerderen d'Fachleit vum Musée eng transparent Verëffentlechung vun den Donnéeën, déi beim Asaz gesammelt goufen.
Gefrot ginn ënner anerem den exakte Modell vum Tracker, deen um Wal befestegt gouf, Informatiounen iwwer d'Plaz an d'Aart vun der Befestegung, souwéi Fotoen dovun. Donieft solle sämtlech Donnéeën enger onofhängeger Organisatioun zur Verfügung gestallt ginn.
Eng transparent Dokumentatioun wier net just am Interessi vun der Wëssenschaft, mee och vun der privater Initiativ, déi d'Rettungsaktioun organiséiert hat, sou Spriecher vum Musée.