
E Méindeg den Owend ass zu Esch beispillsweis eng Persoun an en Auto agebrach an huet ënnert anerem ee Portefeuille geklaut. Och zu Réimech gouf een Auto geknackt, dat schonn e Méindeg am Nomëtteg. Hei hat den Täter eng Fënster ageschloen an huet eng Posch matgoe gelooss. A béide Fäll goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet. Wéi eng preventiv Mesuren een huele kann, gitt Dir hei um Site vun der Police gewuer.
E Méinden den Owend géint 22 Auer gouf et dann och nach ee Sträit, deen der Police gemellt gouf. Zwee Männer waren an der Rue du Fort Elisabeth op der Gare uneneegeroden. Eng Policepatrull ass op d’Plaz gefuer an huet d’Persounen ugetraff. Eng vun hinne war däitlech ugedronk an huet net just eng Gefor fir sech, ma och fir anerer duergestallt. Dowéinst koum de Mann no enger medezinescher Ënnersichung an de Passagearrest an et gouf ee Protokoll erstallt.