Hysteresch frou mat Kaz
Mannequin stellt sech de Batti op Vol Las Vegas-Frankfurt

E Vol vu Las Vegas op Frankfurt ass mat 28 Stonnen a 35 Minutte Retard ukomm.
Grond war e Passagéier, dee sech esou de Batti gestallt huet, datt d'Piloten decidéiert hunn, zu Denver en Tëschestopp ze maachen.
Amerikanesch Medien haten am Ufank driwwer spekuléiert, datt et sech beim Passagéier ëm e jonke Mann géif handelen, dee säi 30. Gebuertsdag bëssen ze hefteg geféiert hat an nach net ganz bei sech war.
Op Twitter heescht et awer elo eng Fra wier Schold un deem ganze Misère. D'Madame, déi als Mannequin schafft ass hysteresch ginn, well si net konnt verstoen, datt et an der Luucht net méiglech war, hir Kaz ze gesinn, bei déi de Bagagen an engem Käfeg souz.
Am meeschte gelies