Net de Kach, ma de Restaurant kritt Stären, bzw Punkten

De Philippe Limbourg, Chefredakter vu Gault&Millau Benelux / © RTL.be / Top Chef
Wat geschitt, wann de Kach vun engem Stärerestaurant stierft oder wann en de Betrib wiesselt? Verléiert de Restaurant da seng Stären?
Enn Juli koum di traureg Nouvelle, dass ee vun de beschte Stärekäch an Däitschland, den Helmut Thieltges, gestuerwen ass. Deen hat zënter 18 Joer a sengem Restaurant gastronomique Sonnora zu Dreis bei Wittlich, 3 Stären am Guide Michelin an eng 19,5 vun 20 bei Gault&Millau affichéiert. Vill Lëtzebuerger hu sech do och mol verwinne gelooss.
Mä wat geschitt eigentlech wann de Meeschterkach op eemol net méi do ass, oder de Betrib wiesselt? De Christian Schmit huet an der Redaktioun vu Gault&Millau nogefrot.
Am Guide Michelin vertrueden ze si mat engem, zwee oder souguer dräi Stären, dat heescht all Dag kreativ Meeschterleeschtunge bréngen, d’Raffiness an der Kichen an am Service op d’Spëtzt dreiwen.
Genee esou verhält dat sech och, wann ee mat sengem Restaurant eng "bonne note" am Guide Gault&Millau well kréien.
Mä wat geschitt wann de Chef net méi do ass? De Philippe Limbourg, Chefredakter vun Gault&Millau Belsch déi och de Grand-Duché mat betreien, erkläert, dass an deem Fall de Restaurant oder de Kach Kontakt mat hinnen ophëlt. Si schécken dann nees en neien anonymen Tester an dee Betrib, fir ze kucken, ob den neie Chefkach op der Héicht vun deem alen ass, a vergëtt deementspriechend nei Punkten.
Schwätze mir eigentlech vum Stärerestaurant, oder vum Stärekach, oder wéi et beim Gault&Millau géif heeschen, wien huet déi Punkten op der Skala bis 20 Opweises? Déi Äntwert ass kloer: De Restaurant huet d'Punkten/Stären, net de Kach. An der haiteger Kichen, brauch e Chefkach eng ganz Equipe, fir seng Menüen zauberen ze kënnen.
Lauschtert de ganze Reportage vum Christian Schmit an eisem RTL-Replay.
De Weekend ass den zweete Grënner vum Gault&Millau gestuerwen
De franséische Kritiker, deen an der Gastronomie täteg war, ass e Samschdeg am Alter vun 88 Joer gestuerwen.
RTL-NEWS: Och zweete Grënner vu Gault&Millau gestuerwen: De Christian Millau ass dout