Hei am Grand-Duché si ronn 25.000 Leit zockerkrank. Ma 1 vu 4 Persounen, déi Diabetiker ass, sou gëtt geschat, weess et awer mol guer net.

Eleng bei eisen däitschen Nopere sinn 6,7 Milliounen zockerkrank an och do gëtt geschat, dass ënnert all deene Leit, der 2 Milliounen näischt vun hirer Krankheet wëssen.

Bis zum Joer 2040 rechent ee mat iwwer 640 Millioune Mënsche weltwäit, déi zockerkrank sinn.

Zanter den 80er Joren geet d’Zuel vu Patienten ëmmer weider an d’Luucht, wat sécherlech demographesch ze erklären ass, awer och wéinst eisen Iess- an Alldagsgewunnechten. Besonnesch betraff sinn och déi Leit, wou d'Zockerkrankheet an der Famill läit. Beweegung a Sport kann de Risk nohalteg reduzéieren.

E Samschdeg invitéiert d’ALD, d’Lëtzebuerger Diabetiker-Associatioun, op eng Porte ouverte an den Hotel Parc Belle-Vue an der Stad.

Nei Etüd

Déi wuel wichtegst Moolzecht am Dag, ass déi moies. Dat héiert een ëmmer nees. Munch Leit mussen och direkt nom Opstoen eppes iessen, anerer kréien esou fréi guer näischt erof. Wëssenschaftler hunn awer mat Hëllef vun elo ausgewäerten Daten erausfonnt, dass d'Moiesiessen de Risk vum Diabetes beaflosst.

D'Fuerscher vum Däitschen Diabetes-Zenter hunn d'Date vun am Ganze 96.175 Fraen a Männer aus 6 Laangzäitetüde matenee verglach. 4.935 Leit kruten an där Zäit Diabetes Typ2. An do hunn d'Fuerscher och den Zesummenhang tëscht dem Moiesiessen an dem Risk vum Typ-2-Diabetes erkannt.

D'Resultat weist eng sougenannten Dosis-Wierkung-Bezéiung. An anere Wierder, wat d'Unzuel vun den Deeg ouni moies eppes z'iessen méi héich ass, da klëmmt och den Diabetes-Risk. Am héchste war dee Risk, wann 4 bis 5 Deeg verzicht gouf.

Natierlech ass den Haaptrisk nach ëmmer Iwwergewiicht. Ma och do besteet nees en Zesummenhang, well méi korpulent Mënsche méi dacks op de Moieskaffi verzichte wéi Normalgewiichteger. E Grond dofir konnten d'Fuerscher bis ewell nach net nennen, ma eppes konnte si mat Sécherheet soen: e gesonde Liewensstil hänkt mam reegelméissege Moiesiessen zesummen.

Et wéilt een op der Grondlag vun deem Resultat elo weiderfuerschen. Well et hätt een och nach net kënne feststellen, wéi eng Aart vun Iessen an d'Zesummesetzung en Afloss op den Diabetes huet.