De Wanter ass ukomm, souguer e puer Schnéiflacke si gefall. Ausser der Tatsaach, dass et kal ass, wat ass drun un den äiskale Klischeeën ëm dës Joreszäit?

"Zéi d'Nues net erop! Géi net mat naassen Hoer eraus!" Dat krute mer praktesch alleguer als Kand gesot an déi meescht vun eis, ginn dës Rotschléi och un déi nächst Generatioun weider, schliisslech geet et jo ëm d'Gesondheet. Där Mythen ëm déi kal Joreszäit ginn et der eng jett.

An enger US-Etüd goufen iwwer 1.000 Eltere mat Kanner tëscht 5 an 12 Joer befrot. Vill Elteren hale sech un déi hygienesch a perséinlech Methoden, enger Gripp z'ëmgoen, an awer hu 70 Prozent nach gemengt, dass déi meescht Tipps just "folkloristesch Strategie" sinn. Dat heescht just Klischeeën, un deenen eigentlech net vill drun ass.

Falsch

Mat naassen Hoer eraus

Wéi dacks krute mer vun eiser Mamm gesot: "Géi net mat naassen Hoer eraus, du gëss krank". Naass Hoer an der Keelt si bestëmmt net ganz gutt fir eis, ma eng Gripp kréie mer doduerch awer net. D'Gripp kritt een net wéinst engem kale Kapp, mä duerch déi sougenannten Tröpfchen-Infektioun, an anere Wierder, mer ginn vun enger anerer Persoun ugestach, déi scho krank ass.

Kal Loft mécht krank

Hei verhält et sech d'selwecht wéi mat den naassen Hoer. Natierlech ass et net gutt, wa mer permanent am Duerchzuch stinn oder an der kaler Loft, wa méiglech och nach net waarm genuch ugedoen. Allerhéchstens kënne mer eis dobäi erkalen, awer richteg krank, mécht dat net.

Frësch Loft ass souguer wichteg, well mir eis besonnesch an der kaler Joreszäit méi dobannen, a waarme Raim ophalen, dacks wou vill Leit sinn. Dass ee sech do géigesäiteg ustécht, schéngt plausibel.

Vitamin-Preparater hëllefen

Wann ee sech gesond an ofwiesslungsräich ernäert, brauch de Kierper keng zousätzlech Vitaminne a Form vu Pëllen oder Sirop. Et wier nach a kenger medezinescher Etüd zu 100% nogewise ginn, dass dës Preparater eise Kierper zousätzlech virun der Gripp schützen. Déi Sue kann ee sech deemno spueren.

Am Wanter Wäsch ophänken

Tatsächlech dréchent naass Wäsch besser an der äiseger Keelt, wéi am Summer. Wat d'Loft méi dréche kal, wat se méi Fiichtegkeet aus dem naasse Gezei ophëlt. Souguer fir d'Faseren ass dat besser, wéi waarm Loft. Natierlech dréchent eis Wäsch och wann et dobausse waarm ass, do verdämpt d'Waasser awer just.

Nues eropzéien ass méi gesond

Beim Schnäizen entsteet en Iwwerdrock, deen den infizéierte Schläim an d'Niewenhöhle vun der Nues drécke kann. Wann dat geschitt, deet dat an den Ouere wéi an de Risk vun enger Otite besteet. Zitt een d'Schnuddelen awer erop, entsteet en Ënnerdrock an do geschitt näischt.

RTL

Richteg

Mat der Zong peche bleiwen

E puer Mythe sinn allerdéngs richteg, zum Beispill, dass ee mat der Zong kann u kalem Metall peche bleiwen. An dat ass souguer richteg geféierlech. Dréckt ee seng Zong widder kaalt Metall, besteet dotëscht eng dënn Flëssegkeetsschicht, déi duerch d'Keelt immens séier fréiert. Lass kënnt ee vum selwen do net méi. Zéien hëlleft wéineg, lass kënnt ee just wann ee kaalt Waasser driwwer schëtt.

Ze vill hëtzen, mécht krank.

Heizungsloft ass extrem dréchen an dat geschitt dann och mat eiser Schläimhaut. D'Suitte dovun ass, dass eise Kierper méi ufälleg fir Bazillen ass. Net fir näischt soll een am Wanter all Dag fir e puer Minutte kräfteg lëften.

Kazesteng am Auto

De Streu fir an d'Kazentoilette entzitt der Loft am Auto Fiichtegkeet. An anere Wierder déi kal Fënstere lafen net méi un, soubal mer dra sëtzen.

Méi kal, méi Honger

Wat et dobausse méi kal ass, wat eise Kierper méi Energie verbraucht, fir sech waarm ze halen. Duerch de Verloscht vun der Energie geet och eise Bluttzockerspigel erof an dat féiert dozou, dass eist Gehir e falsche Message kritt, an zwar dass mir nees Honger hunn.

Frae gëtt et méi séier kal

Déi meescht Fraen hu manner Muskelmass wéi Männer. A well Muskele besonnesch staark duerchblutt sinn an déi Duerchbluddung eis waarm hält, ass et Fraen dohier méi séier kal.