Wéist Dir, wat bei engem Häerzinfarkt ze maachen ass?

Un Hand vun engem Fall, deen Enn lescht Joer zu Déifferdeng geschitt ass, hunn d'Kollege vum Magazin nogefrot, ob Passante wëssen, wat ze maache wier.
D'Geschicht klengt ewéi an engem Mäerchen. Op der Tankstell gëtt et engem Mann schlecht, de Mann kritt en Häerzinfarkt an geet zesummen. Duerch eng séier Reaktioun vun den Mataarbechter vun der Bensinsstatioun iwwerlieft de Mann déi schwéier Attack. Wéi wichteg ass et, fir en Éischt-Hëllef-Cour emol eng Kéier matzemaachen a wéissten d'Leit am Noutfall ze hëllefen? De Philippe Dondelinger huet den Test gemaach.
Eis Geschicht spillt sech kuerz no Chrëschtdag an kuerz virun Silvester d'lescht Joer of. Engem Mann gëtt et e bemol zu Déifferdeng op enger Tankstatioun schlecht, hie setzt sech op deen éischt beschten Auto deen hie fënnt. Ee Gefier, wou d'Mall opsteet. Kuerz dono geet de Mann zu Buedem. Wat kee weess, de Mann huet grad e schwéieren Häerzinfarkt gemaach.
De Mann seet, hien hätt de lénksen Aarm wéi, esou ewéi och de Broschtkuerf. De Mann brécht zesummen an otemt net méi. D'Khadija versteet direkt, wat lass ass, a reagéiert op der Sekonn mat enger Häerzmassage. Eng weider Aarbechtskollegin kënnt hëllefen.
De Mann gëtt duerch déi richteg Reaktioun vun de Couragéierte gerett an erhëlt sech den Ament no enger Häerzoperatioun am Spidol. Mä wéi wäit ass onsereen iwwert d'Éischt Hëllef informéiert? D'Kollege vum Magazin si mat enger Popp an en Akafszentrum gaangen an hunn nogefrot, wat ee maachen soll, am Fall, wou bemol eng Persoun um Buedem läit.
Ass een elo an esou engem Fall, an et gëtt een eens, dann ass alles an der Rei. Gëtt een elo net eens, keng Panik, um 112 kritt een am Noutfall esouguer Instruktiounen, wat ee maache muss.
Falsch maache kann een u sech näischt. Och am Cour léiert een, wéi ee mat wat ëmgoe soll, op ville Plazen hänke mëttlerweil Defibrillatoren, mä och hei kritt een Instruktiounen.
Et ass also jidderengem selwer iwwerlooss, ob een elo Bescheed weess oder net. Ze hoffen ass, dass am Noutfall op d'mannst een do ass, deen hëllefe kann, well all Minutt ouni Hëllef geet engem seng Liewenserwaardung em 10 Prozent erof bei engem Infarkt.