"Merde Alors..." och eisem Ausseminister Jean Asselborn ass et geschitt. Hien huet geflucht. A si mer mol éierlech, wéini hutt Dir fir d'lescht geflucht?

E Psychologie-Professer vun der Keele University a Groussbritannien huet sech déi Fro gestallt, nodeems e selwer d'Erfarung gemaach huet, wéi seng Fra non-stop wärend der Gebuert vun sengem éischte Meedche geflucht huet. A souguer richteg schro Wieder gebraucht huet. Esou hätt hie seng Fra nach ni gesinn a si huet sech duerno och dofir richteg geschummt, war awer der Meenung, dass hir dat gehollef huet, fir d'Péng besser kënnen auszehalen. Dat huet hien als Psycholog a Verhalensfuerscher virwëtzeg gemaach.

AUDIO: Etüd iwwer Fluchen / Reportage Fabienne Zwally

Wéi kann et sinn, dass Fluche Mënschen hëllefe ka Péng besser ze erdroen?

Dofir huet de Psycholog en Test mat 67 Studente vu senger Uni gemaach. Fir d'éischt emol hu se missen 5 Wierder opschreiwen, wou se mengen, dass si se géife soen, de Fall gesat, et géing een hinne mam Hummer op Fangere schloen. Anengems hu se och 5 méi harmlos Wierder missen opschreiwen, mat deene se en Dësch géinge beschreiwen.

Vun deenen zwou Lëschten hu se du missen ee Wuert eraussichen. Well de Psycholog awer net wollt, dass d'Fangere vun de Studente géingen drënner leider, hu se amplaz eng mam Hummer drop ze kréien, hir Hand an äiskaalt Waasser gezappt. Wärenddeem huet déi eng Grupp, dat "gutt" Wuert dauernd widderholl an déi aner huet dat "schlecht" Wuert un engem Stéck gesot.

Erauskoum, wéi scho bal z'erwaarden war, dass déi Leit, déi dauernd geflucht hunn, hir Hand am Duerchschnëtt 50% méi laang am kale Waasser konnten halen. Se hu sech och net geschummt dat schlëmmt Wuert ëmmer nees widderholl ze hunn. Am Géigendeel: Physikalesch gesinn, haten déi Participanten, déi non-stop geflucht hunn, méi eng héich Häerzfrequenz an och de Widderstand vun hirer Haut war méi héich. Dat sinn allebéid Unzeechen dofir, dass am Gehir Funktiounen aktivéiert goufen, déi ee Péng besser erdroe loossen.

Fluche versetzt de Kierper also eng physesch Stress-Situatioun. Dobäi schëtt de Kierper Adrenalin a Cortisol aus, déi d'Péng méi kleng maachen.

Eng Etüd ass dem Professer awer nach net duergaang. Seng Studenten hunn an engem weideren Test sou séier wéi méiglech op engem Home-Trainer missen an d'Pedallen drécken an dobäi misse probéieren et esou laang wéi et nëmme geet dat Tempo auszehalen. Déi eng, duerfte fluchen, déi aner allerdéngs net. An d'Resultat war nees dat selwecht: déi, déi geflucht hunn, hunn méi laang duerchgehal.

Aggressioune spillen beim Fluchen eng wichteg Roll. Sou hunn och Leit, déi virdrun e Killer-Spill um Computer gespillt hunn, et méi laang am Äiswaasser ausgehale wéi déi, déi en Golf-Spill gespillt hunn.

Mer fluchen also wa mir eis ugegraff fillen oder eis an enger existenzieller Situatioun befannen. Wéi genee Fluchen lo domat zesummenhänkt, dass et Péng reduzéiert, kéinte se awer elo nach net soen. Fakt ass, jidderee ka fluchen, souguer Leit, déi e Sproochfeeler hunn.

De Psycholog huet och erausfonnt, dass Leit ëmmer an hirer Mammesprooch fluchen, och wa se grad zum Beispill mat enger Persoun streiden, déi eng aner Sprooch schwätzt.