Wie kritt dëst Joer den Titel vum Miss & Mister Luxembourg? D'Kandidate vun der 93. Editioun goufen e Méindeg vum zoustännege Comité presentéiert.

De 25. Januar ass déi 93. Editioun vun der Wiel zur Miss & Mister Luxembourg 2020. Wien do gewënnt, dierf duerno Lëtzebuerg representéieren, wann d'Miss an de Mister World gesicht ginn.

Bal 250 jonk Fraen a Männer hu sech fir de Casting gemellt. Doriwwer decidéiert, wien eng Ronn weiderkënnt, huet dëse Jury:

  • Augustin Forquin, Modeliste fir Haute Couture fir Christian Dior, Paris
  • Mélanie Heynsbroek, Miss Luxembourg 2019
  • Hervé Lancelin, President vum Comité Miss & Mister Luxembourg
  • Maria Pietrangeli, Chefredactrice fir de Femmes Magazine
  • Nicolas Tissot, Member vum Comité Miss & Mister Luxembourg
  • Claudia Vitoria, Miss Luxembourg 2012

Dëse Weekend war dee leschte Casting: 17 Fraen a 4 Männer goufen zeréckbehalen, fir d'Successioun vum Mélanie Heynsbroek an Owen Hawel z'iwwerhuelen.

Méi Detailer fënnt een um Site www.missluxembourg.org