E kuerzen intime Moment tëscht dem Brad Pitt an dem Jennifer Aniston huet op den SAG Awards fir Rumeure gesuergt.

Op Fotoen ass nämlech ze gesinn, wéi béid Schauspiller sech géigesäiteg gratuléieren a sech fir kuerz Zäit mat der Hand huelen. E puer Sekonnen, wann net esouguer Millisekonnen, déi fir Opreegung bei der nostalgescher Fan-Communautéit gesuergt hunn. Vill vun hinne wënsche sech nämlech, dass d'Jennifer Aniston an de Brad Pitt nees zesumme kommen. Dorënner och dem Britney Spears seng Schwëster Jamie Lynn, déi op Instagram schreift: "Mir wäerten eisen Enkelen dovun erzielen, esou wichteg ass dat."

Dem sougenannten "Team Angelina" hunn dës Fotoe wuel alles anescht wéi gefall... Ma och d'"Team Jennifer" soll sech net ze fréi freeën. Et wier net ze vermeiden, dass sech d'Jennifer an de Brad bei Präisiwwerreechungen a groussen Evenementer géingen iwwert de Wee lafen. Am einfachsten ass ee respektvollen a kollegialen Ëmgang. An awer stierft d'Hoffnung bekanntlech zulescht... Wie weess, wat d'Joer 2020 nach fir Iwwerraschunge mat sech bréngt.

© twitter / Grace Dante