10.000 Männer feieren d'Fest vun de Plakegen

© Facebook / Ambassade du Japon en France
Den drëtte Samschdeg am Februar huele japanesch Männer am Saidai-Tempel all Joer op en Neits un enger ganz spezieller Festivitéit deel.
Och 2020 waren nees zéngdausend Persoune beim "Hadaka Matsuri", dem sougenannte "Fest vun de Plakege" mat dobäi. Ganz plakeg ware si allerdéngs net: si haten e Fundoshi-Lendenschurz un.
D'Ritual ass ëmmer dat selwecht: als éischt wäsche sech d'Participante mat Waasser. Géint 22 Auer ginn d'Luuchten aus an e Paschtouer schéisst zwee geseenten Holzstief an d'Mënschemasse. Op déijéineg, déi déi 20 cm laang Holzstécker opfänken a bis bei d'Paart vum Tempel bréngen, waart eng grouss Belounung: hinne gëtt e glécklecht Joer garantéiert. Dohier dann och d'Bezeechnung: "déi glécklech Männer".