
Et kann een nach laang net egal wat benotzen oder maache ka wann et ëm d’Selbstverteidegung geet.
Et sollt ee wëssen, dass een nach laang net egal wat benotzen an och maache kann, wann et ëm d’Selbstverdeedegung geet. De Steve Goedert vun der Police:
“Et si ganz wéineg Saachen erlaabt. Et gëtt gären ëmmer vu Pefferspray oder vu Gas geschwat, déi online kaf wëlle ginn an dee Moment dann och an der Täsch sinn. Do muss een op e puer Saachen opmierksam maachen. Éischtens sinn dat verbuede Waffen, fält an de Volet vun den Armes prohibées hei zu Lëtzebuerg. Mee och als Police mat eisem Pefferspray, dee mir hunn, ass et fir eis e richtege Waffenasaz, dat heescht, mir mussen och dem Parquet doriwwer beriichten, wéi et zu deem Asaz komm ass an och rechtfäerdegen.”
Mol ofgesinn dovunner, dass sech sou e Pefferspray och mol ka géint sech selwer dréine wann zum Beispill de Wand ëmschléit, oder de Vis-à-vis Iech deen aus dem Grapp rappt. Vill léiwer sollt een op dat zréckgräifen, wat ee grad bei sech huet a wat ebe legal ass:
“Wéi eng Posch, wann een déi géif gebrauche fir sech ze wieren oder e Prabbeli fir sech ze wieren, dat sinn déi Saachen, déi een dee Moment dobäi huet. Et gëtt lo och net als Waff en tant que tel direkt dann och par définition ugesinn, mee et geet jo, wéi d’Wuert et seet, ëm eng Selbstverdeedegung. Dat heescht, do kann een dann déi Saachen, déi ee grad bei Hand huet, gebrauchen. Awer ëmmer nach verhältnisméisseg. Och wann do en Täter vun engem ofléisst, ass et net fir nach weider ze schloen, bis datt dee guer net méi gutt ass.”
Och eng Trillerpäif ka mol ganz nëtzlech sinn, well si et engem erlaabt, op sech opmierksam ze maachen an deementspriechend och Zeien ze hunn. Dës sinn herno bei enger Plainte nämlech immens wichteg.
Fir ze léiere sech richteg ze verdeedegen, kann een um Selbstbehaaptungscours vun der Police an der Stad deelhuelen. Dat zweemol d’Joer. Hei gëtt op direkt dräi Piliere mat de Leit geschafft:
“Den éischte Pilier ass u sech, wéi kann ech eng Geforesituatioun erkennen? Wéi kann ech déi och evitéieren? Well dat ass an der logescher Suite vun deem normale Nodenken, datt ee sech net an eng Geforesituatioun wëll beginn.”
Wann een dann awer mol an esou enger Situatioun lant, aus där een net méi fort kënnt, dann heescht et sech eben ze verdeedegen.
“Lo muss ech och kënne reagéiere mat deem wat ech als Mënsch matbréngen. Dann ass et egal, ob ech jonk, 16 Joer beispillsweis sinn, oder eng eeler Persoun mat 88-89 Joer. Ech muss do eppes iergendwéi kënne maachen, fir aus där Umklammerung beispillsweis erauszekommen. Dofir hu mer eng Zesummenaarbecht mat engem Krav-Maga-Zenter.”
A beim drëtte Pilier vun dësem Selbstbehaaptungscours geet et drëms, dat Erlieften ze verschaffen.
“Et gi Leit, déi hunn esou e staarke Charakter, déi soen, keen Theema, ech liewen deen aneren Dag normal weider, wéi wann näischt geschitt wier. Et sinn awer aner Leit, déi musse verschaffen, déi hunn en Trauma erlieft, déi sollen dann och driwwer kënne schwätzen. An dofir schaffe mer nach mat anere Societéiten an Organisatiounen an dëser Formatioun zesummen, fir eeben och dee ganze Phenomen vun deem drëtte Pilier kënnen ze verschaffen.”
D’Police profitéiert vun der Formatioun awer och, fir de Leit en Abléck an hier Aarbecht ze ginn, well och d’Wëssen, wat genee do geschitt, vermëttelt Sécherheet.
“An engem rouege, gesécherte Kader kommen d’Leit bei eis an d’Police, gesinn emol wéi d’Police schafft, kënnen och mol an e Verneemungsraum eragoen a sech dat ukucken. Kréie Reflexer, déi een och muss hunn, den Numm vum Polizist kennen, e Protokoll ze maachen, wat ass dat iwwerhaapt? Wat sinn d’Prozedure wann de Polizist ofgeschloss huet seng Affär, wou geet dat hin, wien huet den Droit de poursuite, wie këmmert sech duerno ëm d’Affär? Alles Informatiounen, déi d’Leit an der Formatioun kréien, fir eeben e Sécherheetsgefill ze kréien, fir datt een am beschte Fall esou eng Aggressioun evitéiere kann.”
A wa guer näischt geet, een also net aus der Situatioun erauskënnt, da soll een dem Täter d’Suen oder d’Bijouen am Beschte ginn. Esou verhënnert een op d’mannst Schlëmmeres.