Virtuellen Tourismus, dat bidden d'Färöer-Inselen wärend der Corona-Kris un. E klengen Trouscht fir déi Leit, déi sech op hir Vakanz dohi gefreet haten.

Wat dës virtuell Toure besonnesch mécht, e Guide, ekipéiert mat enger Helmkamera, ka virtuell gesteiert ginn, praktesch wéi an engem Videospill. Et ginn ënnerschiddlech Touren, egal ob een lo wandere wëll, um Päerd sëtzt, an engem Boot oder souguer mam Helikopter matfléie wëll.

Mat Hëllef vun engem virtuelle Kontroller, deen een op “remote-tourism.com” fënnt, geet de Guide deemno no vir, no lénks an no riets, no hannen a spréngt souguer, wann dat gefrot gëtt.

D'Toure ginn op Facebook iwwerdroen, an dat all 2. Deeg. Bis de 25. Abrëll soll d'Aktioun vun de Färöer-Inselen elo mol lafen. Duerno kann nach verlängert ginn.