Wéinst der Corona-Pandemie huet d'Päischtcroisière missen ofgesot ginn, déi vum 30. Mee bis de 6. Juni geplangt war.

Dëst gouf e Mëttwoch op hirer offizieller Facebook-Säit matgedeelt. Vun MSC heescht et, dass alleguerten d'Reese bis den 10. Juli 2020 mat abegraff hu missen annuléiert ginn. Concernéiert Clientë a Reesagencë gi vun den Organisateure kontaktéiert.

Donieft biede si d'Leit, Versteesdemech ze weisen, well keng Remboursementer bis nom Enn vum État de Crise kënnen ausbezuelt ginn. Bezuelte Leeschtunge ginn a Form vu Bonge guttgeschriwwen. Dës si fir d'Päischtcroisière 2021 gëlteg, wéi och fir aner MSC-Croisièrë bis Enn 2021.

De Programm vum nächste Joer gëtt am Laf vun den nächste Woche publizéiert.