Et ass ee ganz lukrative Maart a China, de Produit ass do dräi Mol esou vill wäert wéi Gold. Wéinst der Corona-Kris gëtt en dëst Joer awer net erageholl.

E gëtt "Viagra aus dem Himalaya" genannt, well a China gesot gëtt, et wier ee gutt Potenzmëttel. Medezinesch bewise gouf dat nach net, an awer gëtt e ganz deier verkaf, fir en als Téi ze drénken oder an Zoppen ze verschaffen.

De richtegen Numm ass "Yarchagumba", wat esou vill heescht wéi "Planz am Summer, Insekt am Wanter". Effektiv ass et ee Pilz, un deem Raupe stierwen, d'Iwwerreschter ginn als dat sougenannte Wonnermëttel opgeraf.

All Joer pilgere ganz Famille wéinst dem Pilz an d'Bierger, fir en duerno ze verkafen. Vill Leit kënne souguer dovunner liewen. All Joer ginn eleng am Nepal 3 Tonnen erageholl. Dëst Joer gouf dës Recolte wéinst dem Coronavirus ofgesot.

© Afp