Déi weltwäit Ausbreedung vum Coronavirus huet een Impakt op d'Reesen. Nach ëmmer hunn eng Rëtsch Länner hir Grenzen zou.

Donieft goufe vill Flich an Hoteller annuléiert, grad ewéi Pauschalreesen ofgesot. Wéi eng Rechter hu Clientë beispillsweis, wann hire Vol annuléiert gouf. Mir hunn eis ënnert anerem mat dëser a weidere Froen auserneegesat. Wann e gebuchte Vol vun der Airline stornéiert gouf, hunn d'Clienten den Usproch op ee Remboursement vum Ticket-Präis. Vill Airlinnen bidden als Alternative Vouchere fir spéider Flich un. Als Client huet een eben d'Recht, déi bezuelte Suen erëmzekréien. Vouchere mussen allerdéngs net akzeptéiert ginn. Een Deel vun de Leit wéilten déi bezuelte Suen erëm, déi aner entscheede sech fir d'Voucheren.

Bei der Reservatioun vun engem Hotelszëmmer oder enger Vakanzewunneng gëllt dat nationaalt Recht vum Land, wou de Logement ass. Wann den Hotel oder de Proprietär vun der Vakanzewunneng aus eegener Initiativ stornéieren, huet de Client Usproch op e Remboursement vum bezuelte Präis.

Wann eben d'Annulatioun duerch de Client selwer gemaach gëtt, gesäit d'Gesetz an der Reegel keen obligatorescht Remboursement vum Hotel oder dem Proprietär vun der Vakanzewunneng vir. Bei Pauschalreesen, wou beispillsweis eng Croisière gebucht gouf, awer verschidden Häfen net ugefuer ginn, huet de Client d'Méiglechkeet, d'Rees ze annuléieren.

Leit, déi eng individuell op hir Situatioun ofgestëmmte Berodung wëllen hunn, kënne sech beim Europäesche Verbraucherzentrum hei am Land mellen.

© Didier Weber