Fält d'Summervakanz dëst Joer an d'Waasser? Dës Fro stelle sech den Ament Millioune vu Mënsche weltwäit.

Wärend déi eng gespaant doheem op d'Nouvelle waarden, wéini d'europäesch Plagen nees fir Touristen opginn oder déi éischt Maschinn nees a Griicheland oder Italien flitt, iwwerleeë sech déi aner, wéi een déi nächst Méint ka gemitterlech an der Heemecht verbréngen, ouni op Vakanze-Feeling mussen ze verzichten.

Eng Nuecht an engem Lëtzebuerger Hotel

Loscht op eng Iwwernuechtung an engem Hotel oder op engem Camping, awer beschtefalls ouni iwwert d'Grenz mussen ze fueren? Dëst ass vun elo u méiglech. Fir den Tourismussecteur unzekuerbelen, offréiert d'Lëtzebuerger Regierung all Resident a Frontalier e Bong am Wäert vu 50 Euro, dee sur place kann ageléist ginn.

© Pixabay

Wellness-Oase doheem

Ma och an den eegene 4 Wänn kann een et sech richteg gutt goe loossen. Ligestull an d'Wiss setzen, leckere Cocktail drénken, Sonnebrëll op an da stonnelaang an der Sonn brutzelen. Entspanung pur, déi een net vill kaschte wäert. Och am Buedzëmmer soll d'Vakanze-Stëmmung net ze kuerz kommen. Op ganz einfach Manéier kann ee sech e klenge Wellness-Tempel opriichten. Käerzen umaachen, e puer Drëpsen Aroma-Ueleg an eng Doft-Luucht ginn, Waasser an d'Buedbidde lafe loossen a mat Mëllech, Salz a Rosmarin-Ueleg vermëschen.

© Pixabay

Wiem "Vakanz Doheem" ze langweileg kléngt, kann d'Summervakanz 2020 och mat Wierder wéi "Balkongo", "Sofambik", "Haustralien", "Bettland", "Banladusche", "Madagastherme" oder "Kloronto" ëmschreiwen. Eng Vakanz, un déi ee sech säi Liewe laang erënnere wäert.

Touristen dierfen zu Lëtzebuerg iwwernuechten

No der Ukënnegung vum Mëttelstandsminister Lex Delles um Freideg, dass Touristen dierfen am Grand-Duché iwwernuechten, wënsche sech vill Leit näischt méi, wéi och nees Vakanz am Ausland maachen ze kënnen. Am beschten ass et hei, d'Corona-Situatioun vun der gewënschter Destinatioun am A ze behalen a sech grëndlech iwwer Stornéierungskäschten informéieren, éier ee seng Vakanz bucht. Mat e bësse Gléck a Gedold steet enger Vakanz um Mier näischt méi am Wee.