Sech endlech nees mat enger Massage verwinne loossen an duerno gemittlech op enger Lige relaxéieren... dëst ass elo nees méiglech.

Den Domaine Thermal zu Munneref huet nees seng Diere fir de Public opgemaach, nodeems all sanitär Consignen ëmgesat goufen.

An der Thermalstad wäerten an deenen nächsten Deeg nees méi Leit an- an ausgoen. Sief et, fir Soins, Massagen, Restauratioun oder Fitness. De Sauna-Beräich bleift den Ament awer nach zou. Et gëtt awer versicht, alles nees esou séier wéi méiglech opzemaachen, sot de Paul Hammelmann, President vum Conseil d'Administratioun.

„Dat heescht, alles, wat Santéstraitementer sinn, wéi Coursen oder DBCen, déi sougenannte Réckeschoul, wäert den nächste Mëttwoch nees opgoen. Pédicure médicale hate mir schonn op, well dat e medezineschen Akt ass. Restauratioun ass haut opgaangen an alles, wat Wellness a Fitness betrëfft, wäert vun nächstem Mëttwoch erëm funktionéieren."

De Protokoll, deen opgestallt gouf, gesäit vir, dass nëmmen eng begrenzten Unzuel u Leit dierf empfaange ginn, fir de Social distancing ze garantéieren an och d'Zäit gëtt limitéiert, wéi laang ee Visiteur sech dierf am Etablissement ophalen, fir de Gäscht déi sanitär Sécherheet ze garantéieren. Och an der Schwemm gëlle bis op Weideres streng Reegelen.

„Bei de Piscinnen hunn mir et esou gemaach, dass et zäitlech limitéiert ass, wou Clientë kënne kommen. An de grousse Bassengen dierfen net méi wéi 30 Leit dobanne sinn. Et ass, wéi een et sech ka virstellen, net méiglech, eng Mask ze droen. Dofir passe mir do extra op Distanz tëschent de Leit op", huet de Paul Hammelmann betount.

Eng Léisung huet een och fir d'kollektiv Coursë vum Fitness fonnt. Déi ginn an Zukunft am Fräie gehalen, sot de Paul Hammelmann.

„Mir hu vill Plaz. Mir kënnen de ganze Park gebrauchen, dass Leit hir Coursë souguer en groupe kënne maachen, mä op eng grouss Distanz."

Little Sparadise

E méi klengt Etablissement an der Stad ass frou, seng Aktivitéiten nees ze lancéieren. De Little Sparadise huet seng Dieren eréischt am Mäerz opgespaart, ier si vun der Corona-Kris getraff goufen.

„Et war net einfach ze geréieren, mä mir hunn eis net ënnerkréie gelooss an Zäit genotzt, fir weider un eisem Konzept ze schaffen", esou den Adrien Portier, deen zesumme mam Sarah Raghdi d'Etablissement opgemaach huet. Anescht wéi zu Munneref, wou ee ka spontan dohinner fueren, muss een an dësem Etablissement e Rendez-vous fixéieren. „Dat ass néideg, well esou hu mir Zäit, alles ze desinfizéieren an och Distanz an der Salle d'attente ze garantéieren", erkläert d'Sarah Raghdi.

A wie freet sech net op eng gutt Massage an e bëssen Entspanung vum Confinement.