Geméis an Uebst net kafen, mä selwer ubauen, e Wonsch, dee sech ze verbreede schéngt. Wat mécht de Reiz vum eegenen Ubau a wat ginn et fir Méiglechkeeten?

An den Deeg nom Confinement war e grouss: Den Undrang op d'Gaardenzenteren. Net just hei am Land, ma och an eisen Nopeschlänner. Bei ville Leit schéngt wärend der Pandemie, de Wonsch vum eegene Gaart gewuess ze sinn. Ma och an de Stied, wou net onbedéngt jidderee säin eegene Gaart huet, erkennt een dësen Trend.

Mir hunn eis verschidde Projeten ugekuckt: vum private Selbstversuerger-Gaart hin zum Urban Garden oder Gemeinschaftsgaart.

Wandel.BAR: De Johny Diederich an d'Tania Walisch hu sech d'lescht Joer d'Zil vun der Selbstversuergung gesat. De Projet begleede se iwwert hire Blog, wou se esouwuel Tipps fir en nohaltegen Ubau ewéi och fir d’Verschaffen a Konservéiere vun der Recolte ginn.

Urban Garden Neischmelz: Op de Friche vun der Arbed ass den Urban Garden Neischmelz entstanen: E Gemeinschaftsgaart, dee sech virun allem un déi Persoune riicht, déi net de Luxus vun engem private Gaart hunn.

Generatiounsgaart Beefort: De pedagogesche Permakultur-Gaart war ursprénglech fir Schoulklassen ausgeluecht, gouf awer och op aner Altersgruppen ausgebreet. D'Approche vun der Permakultur beschränkt sech net eleng op de Gaardebau, ma ëmfaasst eng ganz Liewensphilosophie, wouwéinst am Generatiounsgaart och thematesch Workshops ugebuede ginn.