De Jenke von Wilmsdorff ass fir seng deelweis grenzwäerteg Experimenter op der Tëlee bekannt.

Um däitschen RTL huet hien ënner anerem demonstréiert, wat mam Kierper geschitt, wann ee 2 Woche laang just nach Fleesch ësst oder just nach vegan. Ma dat ass nach näischt am Verglach zu deem, wat de Jenke sengem Kierper a sengem neisten Experiment op ProSieben zougemutt huet.

Hien huet tatsächlech probéiert, bannent 100 Deeg 20 Joer méi jonk auszegesinn. E Projet, deen och e puer Passage bei Schéinheetsdoktere mat sech bruecht huet. Dat Ganzt ass an ee reegelrechte Operatiounsmarathon ausgeaart. Mat engem ganz besonneschen Ënnerscheed: Déi eng Gesiichtshallschent soll just kosmetesch behandelt ginn, déi aner chirurgesch.

D'Resultat war grujeleg.

Ma nach méi grujeleg dat, wat duerno op de Jenke duerkomm ass. Wéi net anescht z'erwaarde war, war déi aner Hallschent vum Gesiicht komplett anescht. Dat sollt net esou bleiwen. Dat dierft och dem Jenke séier kloer gewiescht sinn an esou war ee weidere Marathon vu 6 Stonnen néideg, fir d'Gesiicht unzepassen.