Déierepensioun Hoka ass zanter dem 18. Januar op

Mat dësem neie Projet versicht d'Apemh Leit mat engem intellektuellen Handicap an der Gesellschaft z’integréieren.
D’Apemh huet schonn zanter 1997 Erfarung mat Déieren aus dem Beetebuerger Park an och zanter enger Rei Joren aus dem Atelier protégé vun hirem Bauerenhaff. Do si Kanéngercher, Hénger, Schof, Schwäin a Kéi. Wann d’Leit an d’Vakanz ginn oder zum Beispill an d’Klinik mussen, da brauchen si eng zouverlässeg Plaz, wou hir Kaz oder hiren Hond fir déi Zäit kann ënnerbruecht ginn. Um Site vun der Apemh zu Lampech ass aus dëse Grënn, an der Natur an no beim Bësch, Déierepensioun Hoka entstanen. Dat ass d’Ofkierzung vun Hond a Kaz. D’Hënn an d’Kaze sollen op mannst 6 Méint hunn, fir kënnen opgeholl ze ginn. Verschidden Impfungen, eng Tätowéierung respektiv en Chip sinn obligatoresch, esou d’Carine Schreiber, d’Chargée de direction vum Site vu Lampech.
An der Déierepensioun schaffen zwee qualifizéiert Déierefleeger, véier qualifizéiert Mataarbechter, déi laang Erfarung mat Déieren hunn an eng Educatrice, opgedeelt op dräi Schichten, 7 Deeg op 7. Zum Team gehéieren och 12 Persoune mat engem intellektuellen Handicap. An enger éischter Phas schaffe si vu méindes bis freides vun 9 bis 17 Auer. Duerno solle si och Schichte schaffe, wéi um Weekend oder op engem Feierdag. Deen Ament entstinn dann nach weider Aarbechtsplazen an der Déierepensioun fir déi Leit. D’Zil ass, datt si esou vill wéi méiglech eegestänneg kënne schaffen. Piktogrammer ginn agesat, fir de Schaffplang, fir d’Aarbechtsopdeelung an ënner anerem och fir d’Beschreiwung vun der respektiver Tâche. D’Aarbechten, d’Formatiounen an d’Ënnerstëtzunge ginn op déi eenzel Persounen ugepasst. Si ginn do ofgeholl wou si stinn, huet d’Carine Schreiber weider erkläert. Zesumme mam Personal gi si an d’Aarbechte vun enger Déierepensioun mat abezunn, sief dat d’Geheege botzen, fiddere vun den Déiere, mat hinne spillen, respektiv mat hinne spadséiere goen. Ganz nom Prinzip “learning by doing” hëllefe si och beim Toilettage vun den Hënn oder och bei Visitte vu Clienten. Vill vun hinnen hu schonn Erfarung mat Déieren, sief dat vun doheem oder doduerch, datt si schonn an den aneren Ateliere geschafft hunn. Op alle Fall maache si dat immens gären.
Den Amenagement vun der Déierepensioun ass eng Kooperatioun mat de betreite Leit aus den aneren Ateliere vun der Apemh. Fir d’Kaze sinn do Krazbeem, Spillsaachen, Klotterméiglechkeete gemaach ginn a fir d’Hënn ginn d’Hondsbetter gebaut, Matrassen a Decke gebitzt. Och do gëtt Integratioun a Kreativitéit grouss geschriwwen.
D’Hoka ass d’ganzt Joer op. Fir eng Visitt soll een am Virfeld e Rendez-vous ausmaachen op hoka.limpach@apemh.lu oder op der Telefonsnummer: 26 59 82-1.