Am Live! Planet People waren e Freideg de Philippe Biberich, den Tom Bosseler an d'Laura Rudewig eis Invitéen.

De Philippe Biberich an den Tom Bosseler hunn allebéid zu München studéiert. An hirem Podcast "Gëlle Fro" invitéiere se all Woch interessant Zäitgenossen a stëppelen net nëmmen hiren eegene Virwëtz. Am Gespréich hate se scho Gäscht wéi den Chaild, de Bazooka Brooze oder de Ben Hames, dee mat 15 Joer seng éischt Firma gegrënnt huet. An de Kardinol Jean-Claude Hollerich huet deenen Zwee verzielt, wéi hie sech an e Meedche verkuckt hat. "Gëlle Fro" reegelméisseg op Youtube a Spotify.

D'Laura Rudewig vun Hengescht studéiert Droit zu Bréissel. Zesumme mat zwee Kolleegen vu St. Vith nenne se sech "Scars on Louise" a produzéieren een Ouerwuerm um aneren. De Stempel, deen een hinnen am séiersten opdrécke kéint, wier dee vum Pop an Indie-Pop. D'Covid-Zäit huet d'Band schonn zu 4 Lidder inspiréiert. No "Polar Lights", "Bromance" an "Day Night" 2020, koum am Februar "Revive in me" eraus, a fir Mäerz an Abrëll sinn nach e puer Release virgesinn.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.