E Méindeg den Owend gouf et e Magazin-Spezial op der Tëlee an dat wéinst dem Doud vum Museker an Entertainer Fausti Cima.

E Samschdeg war de Museker an Entertainer Fausti Cima iwwerraschend am Alter vun 80 Joer gestuerwen. De "Fausti" war wuel dee bekanntste Personnage hei am Land.
Joerzéngten laang huet de Fausti grouss a kleng entertaint a begeeschtert.

Voller Liewensfreed a gudder Laun behale mir dësen Ausnamekënschtler an Erënnerung.

Mir hunn zréckgekuckt ob en aussergewéinlechen Entertainer, dee ganz Lëtzebuerg elo schonns vermësst.

De Making-Of vum Documentaire "Faustino - One Man Show"

Datt ee mam Fausti net just virun der Kamera konnt Freed hunn, weist de Making-Of vum Documentaire "Faustino - One Man Show".

Klickt hei, fir op de Making-Of ze kommen.

Är Erënnerungen un de Fausti