Schülerinne wëllen Automate mat Hygiènesartikele fir Fraen aféieren
Firwat kritt een op den Toilettë Kondomer ze kafen, awer keng Binden oder Tamponen? Dës Fro hu sech dräi Meedercher aus dem Wëlzer Lycée gestalt.
Mini-Entreprisen, déi vu Schüler am Kader vu praktesche Coursen opgemaach a geréiert ginn, ginn et eng sëlleg mat ëmmer erëm originellen Iddien.
Firwat kritt een an Toilettenautomater Kondomer ze kafen awer keng Binden oder Tamponen? Dës Fro hu sech dräi Meedercher aus dem Wëlzer Lycée gestalt an hunn domadder hir Iddi fir eng Mini-Entreprise fonnt: En Automat mat Hygiènesartikele fir Fraen. Nodeems dës Iddi ausgeschafft war, gouf et fir 2ème-Schülerinnen séier seriö. Sou wéi och richteg Entreprisen, hu si fir d'éischt eng Ëmfro gemaach, fir ze kucken, wat de Marché hiergëtt.
"D'Froe waren an der Hisiicht vum Präis oder ob d'Leit géifen den Automat benotzen, wann en zur Verfügung géif do stoen. An natierlech och mat de Binden an Tamponen, ob d'Leit bereet wieren, méi ze bezuelen, wa se méi ökologesch sinn", sou d'Carmen Meyers.
Struggirls soll hir Mini-Entreprise heeschen. An de soziale Netzwierker hu si sech presentéiert a mat Humor gewisen, wisou hiren Automat esou wichteg ass. A Schoulen, Betriber an ëffentlechen Gebaier sollen hir Struggirls-Automaten an d'Toiletten hänke kommen. Dovunner ginn et zwou Versiounen.
"Ma deen een ass mat engem Chip-Aworf, dat heescht, all Meedchen - zum Beispill an der Schoul - kritt am Ufank vum Joer en Chip, wann een deen ageheit am Automat, kritt een deen dann och zeréck an et kritt een och d'Produiten. Deen aneren ass einfach en normalen Automat mat Mënz-Aworf", erkläert d'Eduarda Ferreira.
Struggirls setzt sech also och dofir an, dass d'Meedercher an de Schoule gratis Zougang zu Hygiènesartikele kréien. Dat wier ee grousse Schrëtt, wann ee bedenkt, dass Binden an Tamponen zu Lëtzebuerg nach ëmmer als Luxusproduit besteiert ginn. Et wéilt een awer och géint Tabuiséiere vun der Menstruatioun allgemeng kämpfen.
"Ech mengen, de Problem ass éischter, dass d'Leit Blutt gesinn a se denke sech: Ok, nee, dat doten ass ekleg. Dat ass eigentlech d'Wuerzel vum Problem, dass d'Leit et eekleg fannen a se schwätzen driwwer, wéi wann et eppes Illegales wier an et dierft een et net erwänen. Et misst ee mol ufänken, doriwwer ze schwätzen, dass et normal ass, dass all Fra an hirem Liewen ee Mol de Mount blutt", fënnt d'Lena Ruts.
Déi dräi Schülerinne stinn schonn a Kontakt mam Ministère fir Gläichberechtegung. D'Ministsech Taina Bofferding huet op Facebook matgedeelt, de Projet wëllen ze ënnerstëtzen. Ma villäicht gesäit een dann an Zukunft Struggirls-Automaten op de Fraentoiletten.